
Ugefaange géint 12:15 Auer zu Käerjeng, wou sech an der Avenue e Luxembourg zwee Autoen ze pake kruten. Hei gouf et ee Blesséierten. Zu Käerjeng koum et géint 15:45 Auer awer nach zu engem wiederen Accident. En Auto an e Bus hate sech ze pake kritt an eng Persoun gouf verwonnt.
Blesséiert gouf dann nach eng Persoun kuerz no 13 Auer zu Bieles, wéi se an der Rue de l'Usine ugestouss gouf.
Eng Kollisioun gouf et tëscht zwee Ween zu Grolënster eppes no 14 Auer. Hei ass och ee Blesséierten ze bekloen a géint 15:30 Auer ass op der N7 tëscht Ierpeldeng op der Sauer an Ettelbréck e Motocyclist gefall a gouf verwonnt.
Da mellt de CGDIS nach zwee Vegetatiounsbränn. Eemol hat et géint 15:30 laanscht d'N6 tëscht Capellen an dem Wandhaff gebrannt an nach emol géint 17 Auer beim CR176 tëscht Zéisseng an dem Schléiwenhaff.