Soll 2027 agefouert ginnLSAP kritiséiert geplangten temps partiel familial als "Réckschrëtt"

RTL Lëtzebuerg
D'LSAP huet e Freideg kritiséiert, datt de geplangten temps partiel familial e Réckschrëtt wier, well eng Aarbechtszäit-Verkierzung net mam Verzicht op e Loun verbonne soll ginn.
D'Eltere vu Kanner, déi manner wéi 13 Joer hunn, sollen hir Tâche ëm 10 Prozent kënne kierzen.
© Canva / Vidal Balielo Jr.

Den temps partiel familial ass kee Fortschrëtt, mä e Réckschrëtt, sou d'Kritik vun der LSAP an engem Communiqué e Freideg. Eng Aarbechtszäit-Verkierzung dierft net bedeiten, datt d'Employéen op en Deel vun hirem Loun verzichten, dat wier eng Aarbechtszäit-Politik just fir déi Leit, déi sech et leeschte kéinten, schreift d'Maxime Miltgen.

D'Co-Parteipresidentin verweist och drop, datt et virun allem Frae sinn, déi hir Aarbechtszäit aus familiäre Grënn reduzéieren. D'Fraktiounscheffin Taina Bofferding bedauert iwwerdeems, datt d'Changementer bei der Aarbechtszäit vum Accord mam Patron ofhänken.

Den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz hat um Radio100Komma7 annoncéiert, datt den temps partiel familial d'nächst Joer soll agefouert ginn. D'Eltere vu Kanner, déi manner wéi 13 Joer hunn, sollen hir Tâche ëm 10 Prozent kënne kierzen.

Déi nei Mesure soll kee Recht ginn, mä op Fräiwëllegkeet baséieren. Den temps partiel familial soll am Hierscht e Sujet am Comité permanent du Travail et de l'Emploi ginn.

Back to Top
CIM LOGO