Invité vun der Redaktioun (8. Juli) - Kristin SchmitWa Jonker um Internet onbemierkt gepéngegt ginn

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moie war d'Sécherheet vun deene Jonken am Internet Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun (8. Juli): Kristin Schmit
E Mëttoch de Moie war d'Sécherheet vun deene Jonken am Internet Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi "Mauer vum Dateschutz" muss endlech iwwerduecht ginn, well déi organiséiert Kriminalitéit profitéiert ëmmer vum Silo-Denken, dat sot e Mëttwoch de Moien d'Directrice centrale vun der Police judiciaire Kristin Schmit am RTL-Interview, dat am Kontext vum aktuellen Immigratiounsskandal, wéinst deem 25 Persoune beschëllegt sinn.

De Parquet hat dat en Dënschdeg public gemaach. Konkret geet et ëm e puer honnert Migrante mat gefälschte Pabeieren, Korruptioun an ënnert anerem Schleiser-Aktivitéiten. Den Inneministère huet en Audit vun der "Direction de l'immigration" ugekënnegt.

Vläicht brauch et sou eng Affär wéi déi hei, fir datt Saache sech änneren

D'Kristin Schmit geet mat hirer Kritik um Dateschutz an déi selwecht Direktioun wéi de Parquet, deen och schonn a sengem Schreiwes vun en Dënschdeg denoncéiert hat, datt den Dateschutz d'Justizautoritéiten drun hënnere géif, fir effikass géint sou Abuse virzegoen. Et kéint ee Mol net d'Frauden an d'Täter un déi zoustänneg Instanze beim Staat an de Gemenge weiderginn, well et keng gesetzlech Basis duerfir gëtt, datt d'Verwaltungen Informatioune kënnen ënnerteneen austauschen.

Dee Reproche ass net nei, geschitt ass bis elo awer net vill. Vläicht bräicht et duerfir sou eng Affär wéi déi an der Immigratioun elo, sou d'Kristin Schmit.

Dat wat de Parquet en Dënschdeg kommunizéiert hat, wier definitiv näischt Alldeegleches. Iwwert de Fong konnt d'Directrice centrale weider näischt soen, well et jo nach eng lafend Enquête ass.

Pure Sadismus vun "The Com"-Zeen: Wat méi grujeleg, wat d'Unerkennung am Reseau méi grouss ass

En anere Sujet am Interview e Mëttwoch de Moie war en nach relativ neien an extremen Internetphenomen, virun deem Police a Parquet och hei am Land elo mat Nodrock warnen. An enger éischter Phas wëll e besonnesch d'Eltere sensibiliséieren. Déi éischt Dossiere sinn och antëscht nämlech zu Lëtzebuerg opgedaucht.

Den amerikaneschen FBI enquêtéiert elo schonn zanter Joren, mä d'Beweegung vum sougenannten "extremistesche gewalttätegen Nihilismus" ass zanter méi Kuerzem amgaang, sech rasant och an Europa ze verbreeden. Éischt Suicidë konnten zwar iwwert de grenziwwerschreidende Kompass-Projet vun Europol verhënnert ginn, mä d'Donkelziffer bleift héich.

Minecraft/Roblox: Täter laueren do, wou d'Kanner ënnerwee sinn

Hannergrond sinn Internet-Communautéiten, déi deels vu Jonke selwer gefouert ginn an déi aner Kanner a Jonker tëscht aacht a 17 Joer iwwer Social Media, Chatgruppen a Gaming-Plattforme fir d'éischt harmlos uschreiwen an da via Erpressungen dozou kréien, ëmmer méi schlëmm Gewaltdoten ze maachen an d'Biller a Filmer dovunner online ze setzen.

Schloen, Ritzen, Déierequälerei bis hin zu Mord oder Suicide, wat méi grujeleg, wat et méi Punkte gëtt a wat d'Unerkennung vum Reseau méi grouss ass.

Et stécht och keng Ideologie hannendrun, mee eng reng "Verrohung" vun der Gesellschaft, puere Sadismus, seet d'Directrice centrale. Jonker, déi gestéiert sinn, géife sech einfach drun ergötzen, wa se aner Jonker an dee selwechte Reseau mat ranzéien.

Schwätzt mat Äre Kanner

De gudde Rot un d'Elteren: sech bewosst sinn, datt et dee Phänomen gëtt an hir Kanner drop uschwätzen. Elteren, déi hir Kanner verluer hunn, hätte guer näischt vum Internetphänomen gewosst.

Méiglech Alarmzeeche sinn, wann d'Kanner hiert Verhalen änneren, sech zréckzéien, ufänke Gewalt ze verherrlechen oder sech ënner laange Kleeder verstoppen, fir datt zum Beispill keen hir geritzten Äerm gesäit.

Incitatioun zum Mord um Internet ass bis lo nach e stroffräie Raum

Fir effikass géint d'Täter virzegoen, misst och déi gesetzlech Basis geännert ginn, huet eis Invitée betount. Den Ament steet zum Beispill d'Incitatioun zum Mord via Internet oder fir sech live ze mutiléieren nach guer net ënner Strof zu Lëtzebuerg. Och d'Online-Plattforme missten theoretesch vill méi maachen.

De Message un déi Jonk e Mëttwoch de Moien: Schwätzt mat äre Kolleegen an der richteger Welt, wann der iech net den Eltere wëllt uvertrauen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et och eng ganz Rei Associatiounen, deenen ee sech uvertraue kann, wann ee Problemer huet. Ënnert anerem Bee-Secure, de Kanner- a Jugend-Telefon, de Sepas oder och Respect.lu.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO