Inclusioun als "Grondprinzip"Neie Raum fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit um Findel ageweit

RTL Lëtzebuerg
Chris Meisch
Um Findel ass en Dënschdeg en neie Raum fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit ageweit ginn, deen de betraffene Passagéier e méi komfortabelen an un hir Besoinen ugepassten Accueil virum Fluch soll bidden.

Méi Inclusioun um Findel / Reportage: Chris Meisch

Um Findel ass en Dënschdeg en neie Raum fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit ageweit ginn. De Beräich soll de betraffene Passagéier e méi komfortabelen an un hir Besoinen ugepassten Accueil an eng besser Betreiung virum Fluch bidden.

Bei der Aweiung waren ënner anerem d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, de Familljeminister Max Hahn an de Generaldirekter vu lux-Airport, den Alexander Flassak, mat dobäi. De Projet ass an Zesummenaarbecht mat Partner aus dem lëtzebuergeschen Aviatiounssecteur an de Sozialpartner ëmgesat ginn.

Vu lénks no riets: de Gilio Fonck vum Mobilitéitsministère, de Familljeminister Max Hahn, d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an de lux-Airport-CEO Alexander Flassak.
© MMTP

Am Kader vun der Aweiung huet d'Mobilitéitsministesch betount, datt eng modern Mobilitéit keen däerf ausschléissen. Dës nei Infrastruktur géif weisen, datt Accessibilitéit konkret misst ëmgesat ginn, fir datt all Mënsch seng Rees mat "Confiance, Autonomie an Dignitéit" kéint ufänken.

Si huet dobäi ënnerstrach, datt Inclusioun kee Choix, mee e "Grondprinzip vun der Mobilitéitspolitik" misst sinn.

Och de Familljeminister Max Hahn huet ervirgehuewen, datt all Verbesserung vun der Accessibilitéit d'Autonomie vun de concernéierte Persoune stäerkt an der ganzer Gesellschaft zegutt kënnt. Hien huet dorop higewisen, datt lux-Airport sech och un Initiativen ewéi "Bewosst" an dem Programm "Hidden Disabilities Sunflower" bedeelegt, fir d'Sensibiliséierung fir siichtbar an net siichtbar Behënnerungen ze stäerken.

De Generaldirekter vu lux-Airport, Alexander Flassak, sot, den neie Raum wier net nëmme fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit geduecht, mee och fir Mannerjäreger, déi ouni Begleedung reesen. Hien huet erkläert, datt de Fluchhafe seng Mataarbechter an Zesummenaarbecht mat Info-Handicap speziell forméiert huet, fir och Passagéier mat net siichtbare Behënnerunge besser kënnen ze ënnerstëtzen.

Fir d'Christine Zimmer, Direktesch vun Info-Handicap, gouf hei gutt zesummeschafft:

"Luxairport huet hei gewisen, si hunn e Bewosstsinn entwéckelt, si hu verstanen, dass et Mënsche mat Beanträchtegung ginn, déi Besoinen hunn. Eigentlech fänkt fir vill Leit d'Erfarung fir ze reese vill éischter un. Vill Leit mat enger Beanträchtegung mussen immens vill plangen, fir kënnen hir Reesen ze maachen, an esou gouf einfach d'Reese fir jiddereen erméiglecht an och d'Reesen esou ubidde kënnen, fir dass Leit mat enger Beanträchtegung a verschiddene Besoine manner Stress hunn."

Lux-Airport wëll de Sall elo am Alldag testen an de Feedback vun de Betraffene sammelen. Wann d'Konzept sech bewäert, soll och hannert der Sécherheetskontroll en änleche Beräich entstoen.

De Projet ass domat Deel vum méi grousse Masterplang, mat deem de Flughafen an de kommende Jore moderniséiert a Schrëtt fir Schrëtt méi accessibel gemaach soll ginn.

Back to Top
CIM LOGO