Op der Héicht vun der Gare zu LëntgenMann gëtt vun Zuch erfaasst a stierft u senge Blessuren

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg an der Mëttesstonn koum et op der Zuchlinn tëscht Miersch an der Stad zu engem déidleche Virfall.
© Envato Leungchopan

Wéi d'Police eis confirméiert, ass op der Streck tëscht Miersch an der Stad op der Héicht vun der Gare zu Lëntgen ee Mann vun engem Zuch erfaasst ginn. De Mann huet et net iwwerlieft. De Virfall wier géint 12:02 Auer geschitt, ma wéi laang d'Streck nom Virfall nach muss gespaart bleiwen, konnt d'Police net direkt ofschätzen.

Vun den CFL war an engem éischten Ament iwwer Telefon keen ze erreechen, allerdéngs goufen um Site vun den CFL eng Rei Annuléierungen an Ersatzbusser op der Streck annoncéiert. Betraff sinn deemno d'Linne Lëtzebuerg-Ettelbréck-Ëlwen-Gouvy a Lëtzebuerg-Ettelbréck-Dikrech. Géint 15 Auer koum dunn vun den CFL d'Matdeelung, datt den Zuchtrafic op deene betraffene Strecken no 16 Auer nees soll normal lafen.

Back to Top
CIM LOGO