Äntwert op parlamentaresch FroZuel vun HIV-Infektioune geet zeréck, däitlech Hausse bei Syphilis

Joel Detaille
D'Fäll vu Chlamydien läit mat 1.554 an der relativer Moyenne zanter 2022.
© AFP

D'Evolutioun vun de confirméierte Fäll vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten weist déi lescht Joren iwwer variabel Tendenzen. Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

37 HIV-Infektioune goufen am Laf vun 2025 festgestallt. Dat ass deen niddregste Wäert vun de leschte 5 Joer.

Klamme maachen dogéint d'Fäll vu Syphilis, där der zejoert 165 festgestallt goufen. 18 méi wéi 2024 a carrement 56, respektiv 70 méi wéi déi 2 Joer virdrun. D'Fäll vu Chlamydie läit mat 1.554 an der relativer Moyenne zanter 2022.

Aktuell schafft iwwerdeems en Aarbechtsgrupp am Gesondheetsministère drun, fir vum nächste Joer u Kondomer gratis ze maachen. Dofir soll am nächste Budget e Montant vu liicht méi wéi 800.000 Euro virgesi ginn.

Back to Top
CIM LOGO