CGDISZwee Blesséierter no Accident an der Stad, zwee Motocycliste bei Accidenter verwonnt

RTL Lëtzebuerg
Vun en Dënschdegnomëtteg bis an den Owend era gouf et fir d'Rettungsekippe vum CGDIS eng Rei Asätz uechter d'Land.
© Laurent Weber

An der Stater Montée de la Pétrusse war géint 17:30 Auer en Auto an eng Mauer gerannt, wouduerch zwou Persoune blesséiert goufen. Den Accident, bei deen déi lokal Rettungsekippe geruff goufen, hat temporär fir massive Stau an der Stad gesuergt.

Bannent manner wéi enger Stonn gouf et dann nach zwee Accidenter, bei deenen allkéiers e Motorrad mat engem Auto kollidéiert war, dat um 17:52 Auer an der Stengeforter Strooss zu Klengbetten a géint 18:40 Auer an der Avenue du Dix Septembre an der Stad. Et gouf jeeweils ee Blesséierten.

Um 22 Auer dann nach en Accident an der Stad mat zwee Autoen, dës Kéier an der Avenue Emile Reuter. Blesséierter gouf et hei keng.

Zwee Accidenter um Méindegmoien

E Méindeg de Moie krute sech ëm 7:40 Auer zwee Autoen op der A4 tëscht Lankelz a Lalleng ze paken. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

Donieft war op der A1 tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Cents e Moto accidentéiert, sou datt et temporär a Richtung Tréier bis zu 7 Kilometer gestaut hat. De Motocyclist gouf bei der Chute blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO