Virschau am HandballD'Championnat bei den Hären a bei den Damme fänkt un

Serge Olmo
An dëser Virschau kucke mer, wéi eng Ambitiounen d'Veräiner an der Ieweschter Divisiounen hunn.
© Val Wagner

De nächste Weekend fänkt d'Championnat am Handball  un, dat esouwuel bei den Damme wéi och bei den Hären a mir kucke mer wéi eng Ambitioune d'Veräiner an der Ieweschter Divisiounen hunn.

Virschau am Handball Championnat bei den Dammen / Gilles Tricca

Ladies first. Den éischten Titel vun der Saison bei den Dammen huet sech den Handball Käerjeng leschte Weekend am Supercup gekroopt. De Coupegewënner vum leschte Joer kënnt och ganz sécher dës Saison nees fir e weidere Titel a Fro, och wann mat ënner aneren Jurcevic an Zuk eng Partie Spillerinnen dem Trainer Dan Mauruschatt net méi zu Verfügung stinn.

Grad wéi leschte Samschdeg ass den HB Diddeleng déi Ekipp, déi a Fro kënnt, fir weider Titelen ze sammelen. Um Pabeier hunn déi Diddelenger och dee stäerkste Kader. Mat den Ex-Déifferdenger Scheuren a Krupke konnten och nach wichteg Spillerinne vun engem Konkurrent rekrutéiert ginn.

Fir d'Redboys sinn déi zwee Departen op Diddeleng natierlech e Verloscht, mä den Trainer Stephane Mina konnt geziilt rekrutéieren a virun allem steet déi staark Keeperin Charlene Servant nach ëmmer am rouden Dress.

Beim Museldall huet de Ben Schuster déi schwéier Aufgab, déi ganz gutt Aarbecht vum Jeff Paulus weiderzefeieren. Dat gëtt ganz sauer, well déi wichteg Stäipe vu leschter Saison stinn net méi zur Verfügung.

Fir déi eng oder aner Iwwerraschung kéint de Chev Dikrech suergen. De Kader gouf mat Nimm wéi Fangueiro oder Frauenberg gutt verstäerkt.

Op dem Standard dann och déi méi Grouss ka rose maachen, dat gi mir da vun e Samschdeg u gewuer.

Red Boys an Esch kéinte bei den Hären nees eng grouss Roll an der Course ëm d'Titele spillen

Virschau op d'Handball-Saison 2026-2027

D’lescht Saison waren am Härenhandball déi Déifferdenger Red Boys dominant a si konnte den 2. Championstitel noenee gewannen. D’Coupe goung un den Handball Esch. Et kann ee sech virstellen, datt béid Formatiounen nees eng grouss Roll wäerte spillen, wann et ëm d’Titele geet. Bal esou spannend ass och ëmmer d’Course ëm déi 6. Plaz, déi engem garantéiert, déi Saison drop nees um héchsten Niveau ze spillen.

De Champion Red Boys Déifferdeng huet de leschte Weekend an enger intensiver Partie den Handball Esch geklappt am Supercup. Déi zwou Ekippen hu scho gewisen, datt mat hinnen ze rechnen ass. Virun allem huet de Champion vun Déifferdeng phaseweis richteg iwwerzeecht. De Kader ass global zesumme bliwwen an donieft gouf och gutt rekrutéiert. Déi Rout hunn 8 Réckraumspiller fir 3 Positiounen. Den Trainer Marc Breser huet schonn eng grouss Auswiel an dat net nëmmen am Réckraum. Hie geet natierlech mat héijen Erwaardungen an d’Saison.

Marc Breser: "Mir sinn net do, fir näischt ze gewannen. Ech hu gesinn, dass Esch fir alles capabel ass, gell. Also ech zielen déi och mat zu engem vun de Favoritten. Da wéi ëmmer Diddeleng a bei Bierchem, Bierchem och. Bon, ech hunn d'Ekippen elo nach net esou gesinn. Mee et sinn ëmmer déi selwecht Ekippe wéi all Joer."

Beim HB Diddeleng sti vill Spiller aus der eegener Jugend um Terrain. De Rekordchampion war den Titelen déi lescht Saison zimmlech no ouni eppes ze gewannen. Den Itua Etute gouf als beschte Spiller vun der Saison gewielt. Säi Bruder Ojié war d’lescht Saison laang net 100% fit an och dës Saison ass hien am Ufank nach net op sengem Maximum. Wa beim HBD d’Etute Bridder konsequent iwwer d’Saison gutt ënnerstëtzt an entlaascht ginn, dann ass alles dra fir déi Diddelenger, déi wéineg rekrutéiert hunn.

Och beim 3. vun der leschter Saison HC Bierchem gëtt all Titel ugegraff dëst mat engem neien Mann op der Bänk an zwar mam Martin Hummel.

Am Réiserbann gouf och wéineg rekrutéiert, mee wann all Spiller fit ass an de Raphael Guden den Niveau vun de leschte Méint bäibehält, dann ass Villes méiglech. De Kapitän vun der Nationalekipp Ben Weyer ass nach net vu senger schroer Verletzung zréck. De 4. vun zejoert a Coupegewënner Handball Esch war och net vill um Transfertsmaart aktiv. Déi gutt Mentalitéit sinn nieft de spillereschen a kämpferesche Kapazitéiten e groussen Atout.

Den Escher Co-Kapitän Luca Tomassini: "Ech mengen, säitdeem ech zu Esch sinn, hunn ech nach ni net fir den Titel ugegraff. An dat ass och dës Joer erëm esou. Mir hunn d'Ekipp zesummegehalen. An ech mengen, dass ee mat eis muss rechnen. Genau wéi d'lescht Joer, wou mer d'Club geholl hunn, si mer dës Joer erëm do, fir all Titel unzegräifen."

Beim 5. vun der Saison 25-26 HB Käerjeng ass munches an der Summerpaus geschitt. Haaptsächlech op Trainerbänk mam erfuerene Pascal Schuster, dee laangfristeg grouss Ambitioune fir den HBK huet.

De Standard hat zejoert déi grouss Ekippe reegelméisseg geiergert an huet nees eng relativ kompetitiv Ekipp obwuel ee vun hire Beschten de Luca Kremer aus berufflechen Ursaache méi kuerz wäert trëppelen.

De Chev Dikrech war zejoert 7. an hat sech viru Rëmeleng klasséiert no der regulärer Saison, mee gouf am Ofstigplay-Off vun de Rëmelenger geklappt. Bei béide Veräiner gouf sech net massiv verstäerkt. De Coach vum Rëmelenger Trainer Yves Braconnier resuméiert d’Situatioun gutt. Fir 4 Veräiner geet et drëms, déi eminent wichteg 6. Plaz ze ereechen.

Yves Braconnier: "Mir sinn elo mol dee klengste Fësch an deem Baseng do. Mee eisen nächsten direkte Géigner huet direkt dat véier-fënneffacht vun deem Budget, deen elo Rëmeleng huet. Mee eist Zil ass ganz kloer, géint d'Dikrech a géint d'Käerjeng gutt Resultater ze maachen an da géint d'Standard vläicht och emol kucken. Mir wëlle sécherlech doheem schwéier ze bespille sinn an da musse mer kucken, wou mer duerno landen."

Beim Optakt vum Championnat e Samschdeg spillen déi 4 méi héich kotéiert Ekippe géint déi Formatiounen, déi den Titel Play-Off ugräifen.

Back to Top
CIM LOGO