
Si hunn de Match zwar verluer mä goufen trotzdeem vum Public am quasi ausverkaaften Arthur Ashe Stadium zu New York gefeiert. Eng éischte Kéier zanter véier Joer hunn d'Serena an d'Venus Williams nees zesumme bei den US Open am Dubbel gespillt, an dat mat 44 a 46 Joer.
Um Enn sollt et wéi gesot awer net duergoen, fir sech am éischten Tour géint d'australesch/taiwanesch Koppel Maya Joint an Hoa-ching Chan duerchzesetzen. Den éischte Saz hate se nach mat 6:3 gewonnen. Déi zwee aner Sätz goungen awer mat 7:6 a 7:6 un d'Maya Joint an d'Hoa-Ching Chan.
D'Williams-Schwësteren hunn alles an allem 14 Grand-Slam-Titelen am Dubbel gewonnen an dräi mol zesumme Gold op den Olympesche Spiller.