Volleyball-EM bei den DammenTierkei no Victoire géint Italien nees Europameeschter

RTL Lëtzebuerg
Duerch eng 3:2-Victoire géint Italien hunn d'Dammen aus der Tierkei e Sonndeg viru 17.000 Spectateuren den zweeten EM-Titel hannertenee gefeiert.
D'Tierkei huet den EM-Titel bei den Damme verdeedegt krut.
© CEV

D'Dammen aus der Tierkei hunn op en Neits d'Europameeschterschaft am Volleyball gewonnen. An der Finall e Sonndeg virun iwwer 17.000 Spectateure gouf et eng 3:2-Victoire géint Italien. Dobäi hat et tëschenzäitlech dono ausgesinn, wéi wann d'Italieenerinnen op deem Dag déi méi staark Ekipp wieren. Souwuel am éischte wéi am drëtte Saz konnte si sech relativ däitlech mat 25:16 a 25:12 duerchsetzen a louchen deemno mat 2:1 a Féierung. Duerch ee staarke véierte Véierel mat enger exzellenter Melissa Vargas ass et awer an den Tiebreak gaangen, wou da mat engem 15:10 den Deckel konnt drop gemaach ginn.

Fir d'Tierkei ass et nom Succès 2023 an der Belsch den zweeten EM-Titel hannerteneen. Duerch dës Victoire huet sech den Nations League Gewënner vun 2026 och scho fréizäiteg den Ticket fir d'Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles geséchert.

E Mëttwoch, den 9. September, fänkt dann d'Europameeschterschaft bei den Hären un, wou sech 24 Ekippe bis de 26. September ëm den Titel streide wäerten. Zu de Favoritten zielen nieft dem Titelverdeedeger an Nations-League-Gewënner Polen och de Weltmeeschter Italien mam fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller Kamil Rychlicki. Och d'Ekipp aus Slowenien, fir déi et an der Nations League Bronze gouf, huet keng schlecht Chancen op den Titel.

Back to Top
CIM LOGO