World Triathlon Championship SeriesJeanne Lehair gëtt Aacht zu London a bleift an Topp 5 vun der WM-Serie

RTL Lëtzebuerg
Beim leschte Meeting vun der World Triathlon Championship Series virun der Summerpaus ass d'Jeanne Lehair Aacht ginn a stäerkt domat hir Positioun an den Topp 5 vum Generalklassement.
D'Lëtzebuerger Triathletin Jeanne Lehair bei der World Triathlon Championship Series (WTCS) zu London.
© Fédération Luxembourgeoise de Triathlon

D'Jeanne Lehair huet sech bei der World Triathlon Championship Series (WTCS) zu London als Aacht klasséiert. Domat läit d'Lëtzebuerger Triathletin no der Course aktuell op der fënnefter Plaz am Generalklassement vun der WM-Serie.

Zu London waren all d'Favorittinnen aus der Weltspëtzt um Depart. Eng staark Performance am Waasser huet et der Lëtzebuerger Athletin erlaabt, am Vëlo an enger klenger Spëtzegrupp matzefueren.

An der Hallschent vum Vëlosparcours ass dës Grupp allerdéngs ageholl ginn, esou datt d'Entscheedung eréischt beim Lafe gefall ass. Do konnt d'Jeanne Lehair hir Positioun an den Topp 10 behalen a koum als Aacht an d'Zil.

An der WTCS-Serie stinn dës Saison nach dräi Coursen um Programm, dorënner och d'Weltmeeschterschaft, wou si nach weider Plaze guttmaache kann.

Elo steet fir d'Lëtzebuerger Triathletin fir d'éischt eng kuerz Paus um Programm, ier d'Virbereedung fir déi nächst international Rendez-vouse lass geet.

Back to Top
CIM LOGO