BelgradDausende Leit besiche Sarg vu verstuerwenem Krichsverbriecher Ratko Mladic

AFP, iwwersat vun RTL
Schonn e Méindeg de Moien hat sech virun der St. Lukas Kierch, wou dem Mladic seng Läich opgeboort gëtt, eng laang Schlaang gebilt.
Tausende Menschen haben in Belgrad Abschied von dem in Haft in Den Haag verstorbenen Kriegsverbrecher Ratko Mladic genommen. Er war wegen Verbrechen wegen des Bosnien-Kriegs zu einer lebenslangen Freiheitsstrafe verurteilt worden.
Gedenkfeier an der St. Lukas Kierch zu Belgrad fir de Ratko Mladic
© AFP

Vun der EU gouf dës "Verherrlechung vu Krichsverbriecher" a Serbien, dat EU-Member wëll ginn, schaarf verurteelt.

De fréiere Generol vun der VRS, der Arméi vun de bosnesche Serbe wärend dem Bosniekrich, war de 27. August an engem Spidol am hollänneschen Den Haag gestuerwen, wou hien eng liewenslaang Prisongsstrof wéinst Vëlkermord, Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet wärend dem Krich vun 1992 bis 1995 ofgesiess huet. Säin Numm ass ontrennbar mam Vëlkermord vu Srebrenica am Juli 1995 verbonnen, bei deem bosnesch-serbesch Zaldoten d'UN-Schutzzon eruewert an iwwer 8.000 muslimesch Männer a Jongen ermort hunn.

Wéi seng Läich lescht Woch an engem Regierungsfliger op Belgrad bruecht gouf, gouf hie mat militäreschen Éieren empfaangen, De Weekend haten héichrangeg Politiker un enger vu pensionéierten an och aktive Genereel organiséierter Gedenkfeier deelgeholl.

D'Annonce vum serbesche Justizminister Nenad Vujic, datt de Ratko Mladic mat "militäreschen a staatlechen Éiere" soll begruewe ginn, hat zu Bréissel fir Protest gesuergt. D'EU-Erweiderungskommissärin Marta Kos hat beispillsweis wéinst der "Verherrlechung" vum serbesche Krichsverbriecher eng Visitt beim EU-Bäitrëttskandidat ofgesot.

E Méindeg hat e Spriecher vum Europäeschen Auswäertegen Déngscht zu Bréissel (EEAS) gesot, d'"Negéiere vu Vëlkermord" an en allgemenge Revisionismus géingen de "grondleeëndsten europäesche Wäerter" widderschwätzen. Dëst hätt "keng Plaz an der EU oder an EU-Bäitrëttskandidaten". D'EU géing a voller Solidaritéit "mat all den Affer, Iwwerliewenden an hire Familljen, déi ënner Krichsverbriechen an de Länner vum fréiere Jugoslawien gelidden hunn", esou de Spriecher.

De serbesche President Aleksandar Vucic, deen eegenen Aussoen no wéinst enger viregter Verflichtung net un der Bäisetzung deelhuele konnt, hat d'Virwërf vun enger Verherrlechung vum serbesche Generol zeréckgewisen. D'Aussoe vu sengem Defenseminister Vujic huet e relativéiert an erkläert, d'Trauerfeier wier vum Mladic senger Famill organiséiert ginn.

Dausende Leit, vill mat T-Shirten. déi de Mladic glorifizéieren, hate virun der Kierch gewaart, fir ëm déi lescht Éier ze erweisen. Dem Mladic säi Fils Darko, offiziellen Organisateur vun der Trauerfeier, stoung bei der Entrée vun der Kierch.
Bannen hate vill Leit dem verstuerwene Krichsverbriecher säi mat Medailen an där fir hien typescher Offizéiersmutz dekoréierte Sarg gekusst, orthodox Paschtéier hate Gebieder geschwat. Ënnert de Gäscht war och de russeschen Ambassadeur fir Serbien

Trotz senger Verurteelung duerch den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag gëllt de Mladic fir vill serbesch Nationalisten als Held. Virun allem an der bosnescher Deelrepublik "Republika Srpska" gëtt hie veréiert. Vun hei waren och vill Leit mat Busser op Belgrad gereest.

Back to Top
CIM LOGO