Beim "European Convoy for Industrial Competitiveness" hu sech ronn 200 Vertrieder aus der Industrie versammelt.
Vertrieder vum Patronat, vun de Salariatsorganisatiounen an aus industrielle Verbänn hunn vun der europäescher Politik gefuerdert, déi néideg Mesuren ze huelen, fir d'Kompetitivitéit vun der Industrie ze sécheren.
Hir Message ass kloer: D'europäesch Industrie muss an Europa kënne produzéieren a géint d'international Konkurrenz bestoen. Héich Energiekäschten, streng Reglementer an d'Konkurrenz aus Drëttlänner setzen ëmmer méi Betriber ënner Drock.
D'Organisateure warnen, datt ouni séier politesch Mesuren Produktioun, Aarbechtsplazen an industriellen Know-how aus Europa verschwanne kéinten.