
Fir illegal Migranten dovun ofzehalen, a Finnland ze kommen, huet d'Land en 200 Kilometer laangen Zonk un déi gemeinsam Grenz mat Russland opgeriicht. Dëse wier Bestanddeel fir d'Grenz ze sécheren a soll nieft der Iwwerwaachung och hëllefen, "Mënsche bei Bedarf vum finneschen Territoire ewech ze halen", sou d'Inneministerin Mari Rantanen e Méindeg bei engem Evenement net wäit vum Grenziwwergang Nuijamaa am Südoste vu Finnland. De pickegen Drot ass do, Meter héich a mat Kamerae souwéi Sensoren equipéiert.
Finnland hat am Dezember 2023 d'Grenz zu Russland komplett zougemaach, nodeems iwwer 1.300 Migranten ouni Visa versicht haten, an d'Land eranzekommen. Helsinki huet Moskau virgeworf, d'Mënschen als Deel vun enger "hybrider Krichsféierung" geziilt un d'Grenz gedriwwen ze hunn. De Kreml hat dës Uschëllegung zeréckgewisen. E puer Méint do virdru war Finnland am Hibléck op de russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain der Nato bäigetrueden.
Russland a Finnland deele sech eng méi wéi 1.300 Kilometer laang Grenz. Der Inneministerin Rantanen no ass d'Situatioun den Ament relativ roueg, et gouf just vereenzelt probéiert, d'Grenz illegal ze passéieren. Ma et wéisst een net, wat muer wier, sou d'Ministerin weider. D'Situatioun kéint ech séier änneren an dorop wéilt d'Land preparéiert sinn. D'Grenz zu Russland géif bis op Weideres zou bleiwen.
Méi wéi 350 Milliounen Euro huet Finnland den Zonk kascht, weider 2 bis 3 Millioune kommen all Joer dobäi, fir en an der Rei ze halen. Ronn dausend Proprietäre vun Terrainen an honnerte Firmen ware beim Infrastrukturprojet bedeelegt. En änlechen Zonk gëtt et nach a Lettland, Litauen a Polen, dat laascht d'Grenzen zu Belarus souwéi un der Grenz tëscht Estland a Russland.