Avenue Pasteur an der Stad2 Abriecher goufe bei der Dot gestéiert a si fortgelaf
E Samschdeg den Owend waren 2 Persounen an eng Wunneng an der Avenue Pasteur an der Stad agebrach, ma si goufe vun engem Awunner an der Stuff iwwerrascht.
Verëffentlecht: 11.10.20 11:24, Update: 08.12.25 12:25
Deen huet sech aus Panik an der Toilette agespaart. D'Abriecher hu sech duerch d'Bascht gemaach, hunn awer e Messer an der Stuff zeréckgelooss.