
E Sonndeg ass et am Land zu e puer Abréch komm. Géint 10:30 Auer gouf der Police en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Jean-Gaspard de Cicignon zu Gasperech gemellt. Eischten Informatiounen no wier een oder méiglecherweis och méi Täter iwwert d'Entréesdier op d'Grondstéck komm an hunn duerno d'Dier vun der Terrass opgebrach. Banne goufen dann d'Raim duerchwullt a Bijoue matgoe gelooss.
Ongeféier zu der gläicher Zäit gouf ee weideren Abroch an e Restaurant an der Rue St. Vincent zu Esch-Uelzecht gemellt. Een oder méi Täter sinn hei iwwert e Fënster an d'Gebai komm an hunn hei Boergeld aus der Keess sou wéi den Automat mat Kannerspillsaache matgeholl. Den Automat konnt méi spéit an der Géigend fonnt ginn, vun den Täter selwer huet awer all Spuer gefeelt.
Um spéiden Nomëtteg sinn dann nach bis elo onbekannt Täter an en Eefamilljenhaus an der Rue du Kiem zu Stroossen agebrach. Si hu sech Zougang zum Gebai verschaaft an hunn dann d'Dier vun der Wunneng um drëtte Stack opgebrach. Si hunn d'Raim duerchwullt an hunn eng Rei Géigestänn, dorënner eng Auer, matgoe gelooss.
An der Nuecht op e Méindeg gouf der Police dann nach een Automobilist gemellt, bei deem Unzeeche vun Alkoholafloss ze erkenne waren. Eng Policepatrull konnt de Mann kuerz drop u senger Adress an der Rue Kierker untreffen an den Auto dernieft saiséieren. Den Alkoholtest ass positiv verlaf an de Permis gouf doropshin agezunn.