Gutt Offeren an e CastingDéi 97. Braderie an der Stad ass lancéiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg ass an der Stad nees déi traditionell Braderie. Och RTL ass nees op der Plëss mat dobäi.
Braderie (Archiv)
© Jean Walté

Zanter 9 Auer e Méindeg de Moie leeft an der Stad déi 97. Braderie an der Stad. 192 Stänn verdeelt op 4.500 Meter tëscht der Uewerstad an der Gare ginn et dëst Joer, fir sech op d'Sich no där enger oder anerer gudder Offer ze maachen. Gerechent gëtt mat 150.000 Leit.

Nei ass dëst Joer, datt d'Braderie net op Fouerméindeg fält, deen den 31. August war. Eng Braderie am August wier den Organisateuren no net glécklech gewiescht, well nach vill Leit an der Vakanz wieren.

Och RTL ass nees op der Braderie vertrueden. Um Kiosk op der Plëss gëtt et wéi all Joer gratis Kaffi a Kichelcher an och nees e Glécksrad zesumme mam Geschäftsverband. Donieft wäert et een oppene Casting ginn, fir de Profil vum Johnny Chicago fir déi nei Serie, déi gedréint gëtt, ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO