
En Donneschdeg krut de CGDIS zwee Accidenter gemellt. An der Mëttesstonn gouf an der Avenue Gaston Diderich um Belair eng Persoun ugestouss. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz, fir dem Blesséierten ze hëllefen.
Am Nomëtteg, géint 15:30 Auer, krute sech um CR348 tëscht Waarken a Bierden zwee Autoen ze paken. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vun der Nordstad waren am Asaz.
Da gouf et nach een Tëschefall um CR165 tëscht Keel an Näerzeng, wou d'Bremse vun engem Trakter iwwerhëtzt waren. Wéi am ACL Trafic-Info ze liese war, haten doduerch d'Stréibotten um Trakter Feier gefaangen an d'Strooss war doropshi gespaart ginn. Dem Chauffer vum Trakter ass näischt geschitt.