Zwee Autoen am CoupBei engem Accident tëscht Lampech a Reckeng goufen dräi Leit blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS huet e Mëttwoch de Mëtteg de Bilan aus de leschte Stonne gezunn.
© Jeannot Ries

Am Bulletin vun de verschiddenste Corpse vum CGDIS ginn direkt dräi Bränn gemellt. Zu Rammerech stounge Botten a Flamen, d'Ekippe vu Gréiwels, der Nordstad, Rammerech a Réiden waren hei am Asaz. D'Vegetatioun huet dann tëscht Déiljen a Beefort gebrannt, wou d'Zentre vu Beefort, Bäerdref, Waldbëlleg an Iechternach op der Plaz waren, wéi awer och tëscht Koler an Héiweng, wou d'Rettungsdéngschter vu Koler, Kielen, Käerjeng, Stengefort a Péiteng geruff goufen.

Ee Blesséierte gouf et dann zu Hollerech, wéi en Auto a Motorrad net laanschtenee koumen. Hei waren d'Rettungsdéngschter an de Samu aus der Stad op der Plaz. Tëscht Lampech a Reckeng waren zwee Ween anenee gerannt, déi dräi Blesséiert goufe vun den Ekippe vu Monnerech, Suessem-Déifferdeng an Esch behandelt. De Stater Samu war dann zesumme mat den Ekippen aus der Stad a vu Mamer och tëscht Mamer a Capellen gefuerdert, wéi eng Persoun blesséiert gouf, wéi e Motorrad an en Auto en Accident haten.

Back to Top
CIM LOGO