Invité vun der Redaktioun (22. Juli) - Claude Marx"Israel Bonds" ginn aus regulatoresche Grënn net verlängert

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moie waren d'"Israel Bonds" Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Generaldirekter vun der CSSF Claude Marx huet e Mëttwoch de Moie bei eis op der Antenn confirméiert, datt d'Lëtzebuerger Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur scho virun zwee Méint decidéiert huet, fir de Verkaf vun israeelesche Staatsemprunten net iwwer den 31. August eraus ze verlängeren. Ëffentlech gouf dës Decisioun allerdéngs réischt duerch d'Aussoe vum Finanzminister Gilles Roth an engem Interview op der Tëlee en Dënschdeg.

Hannergrond sinn awer net, wéi ee vläicht menge kéint, d'Protester géint dës sougenannt "Israel Bonds" oder de geopolitesche Kontext, wou ëmmer méi Politiker op Distanz zu der israeelescher Regierung ginn. Vill méi huet de Claude Marx regulatoresch Argumenter ginn. Wann d'CSSF déi temporär Autorisatioun ëmmer weider verlängere géif, sou wéi Irland dat och virun enger Zäit lo scho gefrot huet, géif een déi europäesch Reegelen ëmgoen.

"Mir sinn net do, fir politesch Decisiounen ze huelen"

D'Decisioun vun der CSSF, fir dës sougenannt "Israel Bonds" zu Lëtzebuerg op den 1. September 2025 ze autoriséieren, hat vun Ufank u fir Géigewand gesuergt. Kritiker wéi Amnesty International oder de Comité pour une paix juste au Proche Orient, grad wéi eng Rei Oppositiounspolitiker, reprochéieren den Autoritéiten, sech zum Kompliz ze maache mat de Krichsverbrieche vun der israeelescher Regierung.

En Dënschdeg nach war e Protestpiquet virun de Büroe vun der CSSF an der Arelerstrooss.

Israel war zejoert mat sengem sougenannte Prospekt vun de Staatsobligatiounen un de Grand-Duché erugetrueden, fir dës sougenannten "Israel Bonds" wärend 12 Méint net méi duerch Irland mä duerch de Grand-Duché an Europa verkafen ze kënnen.

Sou laang keng Sanktioune géint Israel decidéiert sinn, sinn der CSSF d'Hänn gebonnen

D'CSSF verdeedegt sech weider domadder, et hätt ee just d'Kompetenz fir ze kontrolléieren, ob d'Staatsemprunte konform zu den europäesche Reegele sinn an dat wier och de Fall gewiescht. Et wier net dem Regulateur seng Aufgab, fir Reegelen ze maachen, och net, fir politesch Decisiounen ze huelen.

Si géife just d'Reegelen applizéieren, an dësem Fall déi sougenannt "EU-Prospekt-Réglementatioun".

Soulaang et keng Sanktioune géint Israel a keng Verurteelung virum Internationale Strofgeriichtshaff wéinst Genozid gëtt, géif et enger CSSF guer net zoustoen, fir sou Decisiounen ze huelen, huet de Claude Marx bei eis op der Antenn betount. Béides wier bei Israel, Stand haut, net de Fall.

"Absolut net" am Austausch mam Finanz- an Ausseministère

De Generaldirekter vun CSSF huet am Interview ënnerstrach, d'Iwwerwaachungskommissioun hätt bei hirer Decisioun och net d'Regierung consultéiert. Et wier een nämlech net nëmmen um Pabeier onofhängeg, mä och an der Realitéit.

D'CSSF géif och keng Instruktioune kréien, weder vum Finanz- nach vum Ausseministère.

Weder Regierung, nach CSSF hu sech eppes virzewerfen

Ass den CSSF-Direkter da lo frou, déi waarm Gromper nees lass ze sinn? Dat wollt de Claude Marx sou net soen, soss géif de Regulateur an eng Roll rutschen, "déi seng net ass".

De Claude Marx huet awer op Nofro hin zouginn, datt déi ganz Saach der Reputatioun vu Lëtzebuerg vläicht geschuet huet, dat "duerch d'Aart a Weis, wéi verschidde Saachen duergestallt gi sinn". Mä weder d'Regierung, nach d'CSSF selwer hätte sech eppes virzewerfen.

CSSF géint en zentralen "Iwwerwaachungsmonster"

An Europa lafen den Ament Bestriewungen am Kader vun der sougenannter "Kapitalmaartunion", fir Iwwerwwachungskompetenzen ze bündelen an d'Finanzopsiicht op enger Plaz ze zentraliséieren. De Lëtzebuerger Finanzminister schéngt sech mat senge Bedenken do net duerchgesat ze kréien.

D'CSSF wier prinzipiell net dogéint, fir Kontrollmechanismen ze zentraliséieren, sot de Claude Marx dozou am Interview. Awer just do wou et Sënn mécht, et dierft een op kee Fall e "Monster" schafen, deen all Finanzproduiten duerch eng zentral Finanzautoritéit an Europa iwwerwaache géif.

Dat géif op d'Käschte vun der Kompetitivitéit vun der EU goen. Datt duerch eng zentraliséiert europawäit Finanzopsiicht an Zukunft manner Leit bei der CSSF schaffen, fäert eisen Invité awer net.

E Mëttwoch de Moie waren d'"Israel Bonds" Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO