En eenheetlecht Bautereglement gouf et nach ni an dëst wier e grousse Schratt vun administrativer Vereinfachung, huet sech de Luc Frieden um Pressebriefing nom Regierungsrot e Freideg gefreet. Den Inneminister Léon Gloden sot, d’Finalitéit wier eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit fir déi Leit, déi concernéiert sinn. Dat neit Bautereglement, dat da fir all d’Gemenge gëllt, soll am Januar 2028 a Kraaft trieden a sech applizéieren, wann nei gebaut gëtt, ëmgebaut gëtt oder wann eng Notzung vum Gebai ännert.
Eng Mesure phare vum Reglement wier, dass exzessiv Versigelung vu Surfacë soll evitéiert ginn. Ënner anerem musse Parkplazen zum Beispill waasserduerchlässeg sinn, sougenannte Steegäert gi verbueden an et gëtt eng Obligatioun vu Begréngung um Terrain an engem Reewaasserbehälter agefouert.
Doriwwer eraus sollen d’Delaie vun de PAG- an de PAP-Prozedure reduzéiert ginn. Bei engem PAG soll d’Prozedur net méi, wéi bis elo 1 Joer, mee just nach 7 Méint daueren. Fir e PAP soll se net méi 8,5 Méint, mee 6,5 sinn. ¼ vun de PAPen am Land hätten eng Surface vun ënner 25 Ar, huet de Léon Gloden erkläert. Den Delai soll fir dëst op 4 Méint erofgesat ginn.
Och wat erneierbar Energien ugeet, wéilt een eng Vereinfachung vun de Prozeduren. "Dofir hu mer och haut, op Propositioun vum Ëmweltminister, Texter vum Silence vaut accord ugeholl", huet dann de Luc Frieden ënnerstrach. Vu Januar 2028 u soll dësen agefouert ginn, fir Projete fir erneierbar Energien.
Da kruten och nach déi éischt Texter aus dem Tripartite-Accord, déi d’Energie a steierlech Moossname concernéieren, gréng Luucht am Regierungsrot. Awer och deen am Kader vun den Hëllefe fir d’Baueren, no der staarker Augmentatioun vun den Düngermëttelpräisser déi lescht Méint duerch d’Fermeture vun der Mieresstrooss vun Hormus. Eng Moossnam, déi de Staat ronn 4 Millioune kascht, wéi de Premier präziséiert huet. 1,5 Milliounen dovunner kéimen awer aus dem europäesche Budget.
De Credo vu “méi séier maachen” géing dann och fir d’Justiz gëllen. De Projet fir d’Comparution accélérée ass elo och duerch de Regierungsrot. Wou am Strofrecht Faiten etabléiert sinn, misst ee méi séier an effikass eng Äntwert vum Rechtsstaat hunn, huet de Premier betount. Den Delai, ier e Geriicht tranchéiert, soll bei maximal engem Mount leien. D’Recht op en Affekot an e faire Prozess géing assuréiert bleiwen.
D’Regierung hätt hir Hausaufgabe gemaach, an déi divers Projeten a Päck missten elo duerch déi gesetzlech Prozedure goen.
Um Schluss huet de Premier dann och nach matgedeelt, dass en Detachement vun der Lëtzebuerger Arméi wäert en Dënschdeg bei der Parad fir de franséischen Nationalfeierdag zu Paräis dobäi sinn. Dëst op Invitatioun vum franséische President Emmanuel Macron.
Dat ganzt Schreiwes vum Inneministère mat der Presentatioun an den Donnéeën um Site vum Ministère.