Affär ëm illegal ImmigratiounDirekter vun Immigratiounsdirektioun Jean-Paul Reiter als Verdächtege gehéiert

Michèle Sinner
De Jean-Paul Reiter, Direkter vun der Immigratiounsdirektioun vum Inneministère, gouf e Méindeg als Verdächtege gehéiert. Dat am Kader vun der Affär ëm illegal Immigratioun, déi de Parquet virun enger Woch ëffentlech gemaach hat.
© RTL

Dat huet hien en Dënschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert, wéi de gréngen Deputéierte Meris Sehovic no der Reunioun sot.

Eng Informatioun, esou de Meris Sehovic géintiwwer vun RTL, "déi mer kritt hunn, ass awer och vum Direkter vun der Immigratioun, datt hie gehéiert ginn ass als Suspect an där heiten Affär."

Dobäi goung eng éischt Denonciatioun am Januar 2023 awer wuel vum Jean-Paul Reiter aus.

"Wat mer haut de Moie matgedeelt kritt hunn, ass dass deen éischten anonymme Bréif aus dem Januar 2023 un den Direkter adresséiert war an dass et och den Direkter selwer war, deen dunn déi éischt Denonciatioun gemaach huet", esou de Meris Sehovic.

Deemno gouf et zwee anonym Schreiwessen. Eent un den Direkter Enn 2022 / Ufank 2023. An eent am Fréijoer d'lescht Joer, also 2025. De Léon Gloden hat no der Reunioun preziséiert: "Deen ass op den 31. Mäerz vun engem soi-disant Groupement vu Journalisten, déi awer net ënnerschriwwe sinn, mat enger Adress an der Areler Strooss, ass op den 31. Mäerz datéiert. Dee krut ech den 1. Abrëll. An dunn hu mer direkt beim Parquet denoncéiert. Dunn ass jo direkt déi Perquisitioun gemaach ginn."

Datt hien duerch en anonymt Schreiwes alertéiert gouf, net vu senge Beamten, huet de Minister sou erkläert: "Mir wousste jo och net - dat ass ganz kloer och hei gesot ginn, vun de Beamten - mir wëssen haut jo nach net richteg d'Ampleur vum Déngen. Et ass ëmmer gemengt ginn, datt mir wieren e klengt Element vun engem Groussen. Dat ass och, dat huet den Här Reiter hei och kloer gesot, datt en déi Info och kritt hat, datt mir e klengen Deel vu méi enger grousser Affär wieren. Duerfir huet dat mech och elo net do erstaunt."

Eng aner Saach, op déi de Minister Léon Gloden higewisen hätt, esou de Meris Sehovic, ass "dass ee vun deenen dräi inculpéierten Agente vum Staat, dass en dovunner ausgoe géing, dass der zwee ënner senger Responsabilitéit wären a bei deem Drëtten wéisst en net, ob dat elo en Agent wär aus sengem Ministère oder aus engem aneren".

Den Héichschoulministère, op deem d'lescht Woch och Perquisitioune waren, hat nach de selwechten Dag wéi de Parquet kommunizéiert, datt kee vu senge Mataarbechter inculpéiert wier. Dee Moment stoung de Compteur op 25 Inculpéiert. Ma dono goufen dräi weider Persoune virun den Untersuchungsriichter gefouert an inculpéiert. Den Héichschoulministère confirméiert awer en Dënschdeg op RTL-Nofro, datt kee vun de Mataarbechter inculpéiert wier.

Enquête wéinst illegaler Immigratioun: Prezisioune vum Michèle Sinner

Administrativ Schwächte bei der Stad Lëtzebuerg? Buergermeeschtesch Lydie Polfer weist Kritik zeréck

De Parquet hat d'lescht Woch a sengem Communiqué iwwert d'Affär och op administrativ Schwächten higewisen. An éischter Linn wier dat, datt et keng Kontrollen, respektiv keng Kontrollméiglechkeete géif, wat d'Aschreiwung an d'Awunnerregester vun de Gemengen ugeet. Dëst Schwächt wier am Kontext vun der aktueller Affär ausgenotzt ginn, fir géint Bezuelung fiktiv Adressen zur Verfügung ze stellen. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, wollt dat en Dënschdeg de Moien no der Kommissioun awer net esou stoe loossen. Bei der Stad Lëtzebuerg géif zanter e puer Joer konsequent kontrolléiert, esou d'Lydie Polfer: "Wann ee sech umelle kënnt, muss ee weisen, entweeder e Bail, also datt en anzwousch eppes lount, oder datt de Proprietär do, wou ee sech umellt, datt deen d'accord ass, datt e bei him wunnt, oder datt ee selwer Proprietär ass. Mir hunn och eng Maschinn fir ze kontrolléieren, ob d'Dokumenter, déi se virweisen, also d'Cartes d'identité, ob déi richteg sinn. A mir maache systematesch, ruffe mir d'Police, wa festgestallt gëtt, datt do d'Fälschunge sinn. Dat hate mer dëst Joer zum Beispill siwe Mol schonn a wou mer véier Mol eeben och dem Parquet dat weiderginn hunn."

Et wier awer och net anormal, datt Dosende Leit op enger Adress géinge wunnen, esou d'Stater Buergermeeschtesch, wann ee wéisst, datt et Residencë mat iwwer 20 Appartementer géinge ginn.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO