CGDISDräi Accidenter e Mëttwochowend an Donneschdegmoien, Feier an enger Rulott

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochowend an am Laf vun en Donneschdegmoie gouf et fir d'Rettungsekippe vum CGDIS eng Rei Asätz.
© Laurent Weber

An der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier hat kuerz virun 18 Auer eng Rulott gebrannt, ëm déi sech d'Stater Pompjeeë gekëmmert hunn. Persoune sinn dobäi keng zu Schued komm.

Net laang duerno, um 18:05 Auer gouf et dann um CR226 tëschent Duelem an Haassel en Accident mat zwee Gefierer, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen. Am Asaz waren d'Secouriste vu Réimech, Duelem a Fréiseng.

En Donneschdeg de Moien, kuerz viru 7 Auer louch an der Wisestrooss zu Helleng en Auto op der Kopp a géint 7:40 Auer sinn an der Rue Auguste Laval an der Stad zwee Autoen aneneegerannt. Zu Helleng waren d'Rettungsekippe vun Diddeleng a Fréiseng am Asaz, an der Stad déi lokal. Blesséiert gouf bei dësen Accidenter keen.

Back to Top
CIM LOGO