Keng Bloalge méiUm Stauséi a Wämper Séi dierf een nees iwwerall schwammen

RTL Lëtzebuerg
Schonn Enn Juli war et wéinst Bloalge verbuede ginn, am ieweschten Deel vum Séi zu Wäiswampech ze schwammen. Ufank August koumen d'Plagë Buerfelt a Rommwiss um Stauséi dobäi.
Um Stauséi
© Christophe Hochard / RTL

D'Waasserwirtschaftsamt gëtt en Donneschdeg Entwarnung: Um Stauséi an um Wämper Séi ass et nees iwwerall erlaabt, schwammen ze goen.

Nodeems et duerch d'Hëtzt déi lescht Méint zu Bloalgen a béide Séie koum, hat d'Autoritéit Schwammverbueter erausginn. Elo, wou d'Temperaturen awer nees erofgaange sinn, wieren d'Cyanobakterien awer nees op en Niveau erofgaangen, deen net méi riskant fir d'Gesondheet ass. Analyse vum LIST no hätte sech d'Bloalge souguer ganz opgeléist, schreift d'Waasserwirtschaftsamt an hirem Schreiwes.

Um Site vum Waasserwirtschaftsamt kënnt Dir zu all Moment kucken, wéi d'Waasserqualitéit an de Séien a Baggerweieren zu Lëtzebuerg ass.

Back to Top
CIM LOGO