Nationalen Aktiounsplang fir KollektivverträgRegierung a Sozialpartner si sech am CPTE eens ginn

Pierre Jans
Virun der Summerpaus geléngt dem Aarbechtsminister Marc Spautz en Duerchbroch am Comité permanent du travail et de l‘emploi.
Foto vun Ufank Juli: Am Comité Permanent du Travail et de l’Emploi sëtzen d'Patronat, d'Gewerkschaften an den Aarbechtsministère beineen.
© Céline Eischen

D‘Sozialpartner an d‘Regierung si sech eens gi fir en nationalen Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg. Also bei dem Thema, mat deem d‘Sozialkris viru knapps zwee Joer ënnert dem Aarbechtsminister Georges Mischo lassgetrëppelt gouf.

Den aktuellen Aarbechtsminister huet et also fäerdeg bruecht, zesummen mat de Gewerkschaften an dem Patronat en Text auszeschaffen, wéi Lëtzebuerg der Richtlinn vun der Europäescher Unioun gerecht ka ginn. D‘EU verlaangt, dass 80 Prozent vun den Aarbechtsplazen duerch Kollektivverträg ofgedeckt sinn.

Marc Spautz: "Ob mir op 80 % kommen a wéini, dat kann ech Iech elo de Moment nach net soen, mee ech sinn awer dovun iwwerzeegt, dass déi Ouverturen an Adaptatiounen, déi mir elo am Plang stoen hunn, zum Beispill, dass et méiglech ass iwwert den Zéng-Stonnendag ze schwätzen, dass et méiglech ass iwwert de Repos hebdomadaire an iwwer Pausen ze diskutéieren herno am Kollektivvertrag, dozou bäidroen, dass mir méi Kollektivverträg wäerte kréien. Ech denken, d‘Sozialpartner kënne sech doran erëmfannen. Dat ass am Interêt och vun engem konstruktive Sozialdialog. “

Kloer, d‘Gewerkschafte sinn zefridden. Si fuerderen eng Stäerkung vum Kollektivvertragswiesen. Dass d‘Patronen den Accord matdroen, ass éischter bemierkenswäert, wollten si dach Elementer ewéi d‘Aarbechtszäitorganisatioun aus de Kollektivverträg eraushunn.

Den UEL-President Michel Reckinger reagéiert: "Mir si jo ni géint de Kollektivvertrag gewiescht. Wat fir eis wichteg ass, si vläicht véier Punkten. Dat ass: Ee Kollektivvertrag ass eppes Fräiwëlleges. Dat heescht, et gëtt eng Win -win -Situatioun tëschent dem Salarié an dem Patron, fir seng Aarbecht anescht ze organiséieren. Dat Zweet ass, mir brauche Rechtssécherheet. Rechtssécherheet heescht, dass, en Accord fir e Kollektivvertrag eben net vun engem Geriicht kann ëmgebootscht ginn.“

Da wëll den Michel Reckinger trotzdeem och nach iwwer d‘Aarbechtszäitorganisatioun diskutéieren an d‘Patronen wëllen net, dass kleng Betriber duerno en Nodeel par Rapport zu groussen hunn.

Et ass trotz Accord nach Diskussiounspotential do fir d‘Rentrée. Dat confirméiert och d‘OGBL-President Nora Back. Am RTL-Interview schwätzt si trotzdeem vun engem gudden Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg, deen op Bréissel bei d‘EU-Kommissioun geschéckt gëtt, well e seet, dass all Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäite muss iwwert e Kollektivvertrag an de Betriber passéieren. Dat géif och d' Entreprisen incitéieren, mat de Gewerkschaften zesummen nei Aarbechtszäitmodeller ze fannen, déi am Sënn vum Salarié a vum Betrib sinn, esou d‘Nora Back:

"Dat heescht, wat mir elo nach konkreet musse verhandelen am CPTE, dat ass, wéi gestalte mir déi Aarbechtszäitorganisatioun, déi herno am Kollektivvertrag muss erëmfonnt ginn. Mä d' Prämiss ass gesat an dat ass wichteg hei, dat heescht, mir hunn d'Garantie, dass et muss am Kollektivvertrag sinn. Et ass och kee méi, deen a Fro stellt, dass dat mat den national representative Gewerkschafte muss verhandelt ginn. Erënnert Iech, dass de ganze Sträit domadder ugaangen ass. A mir hunn d' Garantie, dass mir do ënner Sozialpartner gläichwäerteg Verhandlunge kënne féieren.“

Et ass also en Accord do fir en Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg am Sënn vun der EU-Direktiv. Wéi dee Plang konkret ëmgesat gëtt, doriwwer gëtt no der Rentrée am CPTE dann diskutéiert, ënner Ëmstänn intensiv.

Back to Top
CIM LOGO