
Hien hätt säi Standpunkt ni kënne vertrieden. Esou reagéiert den Affekot vum Kindy Fritsch, de Me Penning, um Méindeg den Owend op Informatiounen, déi virdru vun de Medien an och vun der Lëtzebuerger Justiz relayéiert goufen. Doran ass vu Perquisitiounen zu Lëtzebuerg an am Ausland rieds a vun engem potenzielle Schued vun 200 Milliounen Euro.
Am Communiqué, deen un d'Medie verschéckt gouf, leet den Affekot d'Vue vu sengem Mandat Kindy Fritsch duer an déi ënnerscheet sech zerguttstert vun der Versioun vun der Justiz: Alles géif op onbegrënnt Virwërf vun engem minoritären Investisseur zeréckgoen, d'Asetze vun engem provisoreschen Administrateur hätt zu engem Blockage gefouert, fir d'Zomm vun 200 Milliounen Euro géif et keng Beweiser, ausserdeem hätt de Kindy Fritsch e viergë Casier ...
Awer der Rei no: Tëscht dem 10. a 15. Juni gouf et gréisser Perquisitiounen zu Lëtzebuerg an am Ausland. Concernéiert si sechs Persounen, dorënner de Geschäftsmann a Promoteur Kindy Fritsch, Enkel vum Grënner vum Cactus, dee sengem eegene Profil op Social Media no och a Monaco baséiert ass. Déi 6 Leit stinn am Verdacht, eng ganz Partie Infraktioune begaangen ze hunn, dorënner Abus de biens sociaux, Blanchiment, Bedruch, Verontreiung vu Gelder a Fälschung an de Gebrauch vu gefälschten Dokumenter.
Doriwwer eraus gouf et Enquêten an am Ganze 27 Societéiten, dorënner Banken a Gesellschafte fir Liewensversécherungen. Alles an allem geet et ëm e méigleche Schued vu méi wéi 200 Milliounen Euro. Bei de Perquisitioune goufen och Saisië gemaach.
Hei am Land sollen et virun allem Mesuren an der Stad, am Zentrum an am Norde vum Grand-Duché gi sinn. Am Ausland goufen et ënner anerem Perquisitiounen a Monaco, an der Schwäiz an an der Belsch.
Ewéi d'Justiz RTL confirméiert huet, waren déi am Zesummenhang mat senger Gesellschaft "Greenfinch Capital Management", déi viru genee 2 Joer Faillite gemaach huet, mee och mam entspriechende Gesellschaftskontrukt.
De Lëtzebuerger Investitiounsfong soll dobäi e Schued vun iwwer 200 Milliounen Euro erlidden hunn.
Am spéide Méindegnomëtteg huet d'Justiz och e Communiqué iwwer d'Perquisitiounen an d'Saisië verschéckt (Dir fannt en heidrënner), si nennt doran awer keng Nimm.
D'Enquête an dësem Fall leeft nach, et gëllt dohier wéi gewinnt d'Présomption d'innocence bei de concernéierte Leit. Dorun erënnert d'Justiz och nach emol an hirer Matdeelung.
E Prozess géint de Kindy Fritsch an ee vu sengen Associéë sollt iwweregens en Dënschdeg d'lescht Woch ugoen, mee gouf verluecht. Béid kréien hei Bedruch a Fälschunge virgeworf.
Aus dem Handelsregëster an Urteeler an de leschte Jore liest een eraus, datt aner Gesellschafte vum Kindy Fritsch och Faillite gemaach hunn oder reorganiséiert goufen. Ausserdeem geet ervir, datt se dem Enregistrement an anere Gesellschaften a Milliounenhéicht Sue schëlleg sinn.
De Familljeministère, d'Direktioun vun der Santé an d'Adem si staatlech Locatairen an engem vun de Bürosgebaier zu Hamm, déi de Gesellschafte vum Kindy Fritsch gehéiert hunn. Ewéi et an der Äntwert vum Finanzministère op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP am Februar d'lescht Joer geheescht huet, wieren d'Proprietären net faillite an en Dominoeffekt fir d'Administratioune wier zu deem Ament net ze erwaarden.
E Méindeg den Owend reagéiert de Kindy Fritsch da via Affekot op d'Perquisitiounen an d'Saisien, also op d'Hausduerchsichungen an d'Beschlagnamungen, iwwer déi d'Justiz informéiert hat: Déi wieren "aussi spectaculaires que gravement attentatoires aux droits des personnes concernées".
Déi ganz Affär géif op Virwërf vun engem minoritären Investisseur zeréckgoen, an déi wieren onbegrënnt, heescht et am Schreiwes. Bis haut géif et kee Geriichtsurteel an der Saach ginn, de Kindy Fritsch géif sämtlech Virwërf ofstreiden. An déi provisoresch Moossnamen, ënner anerem d'Asetze vun engem provisoreschen Administrateur, hätten dozou gefouert, datt vill Gesellschafte blockéiert goufen an an d'Faillite oder d'Liquidatioun gerode sinn, obwuel se vu Reviseuren, Comptabelen, Banken an der CSSF iwwerwaacht goufen.
Och säi Mandant wier duerch d'Virgoe vun den Autoritéiten an eng uerg Situatioun geroden, "à tel point que ce dernier se retrouve de fait privé de toute relation et de tout moyen de paiement bancaires".
Et ass een dann och gewëllt, sech ze wieren. De Communiqué hält op mat: "Comme il l'a déjà démontré s'agissant de la créance de TVA revendiquée par l'AED, Monsieur Kindy FRITSCH entend se prévaloir de l’ensemble des voies de droit nécessaires à la préservation de ses intérêts, et de ceux qui lui ont fait confiance. Seront notamment appelés en responsabilité l'ensemble des acteurs, étatiques comme privés, intervenants à un titre ou à un autre, tant au regard de la violation des principes élémentaires du droit que du préjudice économique subi, que ce soit au Luxembourg, pour autant que ce droit lui soit un jour reconnu, ou par-devant les juridictions européennes."
De Kindy Fritsch wëll sech also verdeedegen. Dat ganzt Schreiwes vu sengem Affekot heidrënner.