Houschter DécktFeier laanscht d'N7 - d'Strooss ass nees fräi, kee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Op der Houschter Déckt war et e Méindeg am Nomëtteg virum Rond-point Schinker zu engem Feier komm, wéinst deem eng ganz Rei Secouristen am Asaz waren.
© Domingos Oliveira / RTL

No engem Wise-Brand e Méindeg am Nomëtteg op der d'N7 am Beräich vun der Houschter Déckt ass d'Strooss erëm fir den Trafic fräi. Et ass kengem eppes geschitt. D'Pompjeeë vun Housen, Clierf, Wëntger, Wolz, Colmer-Bierg, aus der Nordstad, vu Pëtschent a vun Ëlwen waren am Asaz, fir d'Feier ënner Kontroll ze kréien.

Ee Betrib nieft dem Feld, dat gebrannt hat, huet wärend de Läschaarbechten aus Sécherheetsgrënn missen evakuéiert ginn. Op der Firma hirer Facebook-Säit war e Fotoe vun der Feier-Mauer ze gesinn. Si soten de Pompjeeën op der Plaz ee grousse Merci fir hiren Asaz.

Gebrannt huet e och zu Éilereng an der Escher Strooss, tëscht Schuller a Käerjeng an tëscht Déiljen a Beefort. Och hei blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO