Och Helikopter bedeelegtGréissere Policeasaz am Raum Cents-Neiduerf no Abroch eriwwer

RTL Lëtzebuerg
Am Raum Cents-Neiduerf an der Stad gouf et um fréie Freidegmoien e gréissere Policeasaz. Kuerz no 15 Auer koum d'Meldung, datt d'Sich no presuméierten Abriecher eriwwer wier.
© Domingos Oliveira

Vun der Police huet et geheescht, datt um Cents an der Stad zwee Abréch géint 3 Auer gemellt goufen. Betraff waren zwee Haiser, déi net wäit vuneneen ewech louchen. Am Kader vun der Sich konnt ee Verdächtege gestallt ginn, eng zweet Persoun ass geflücht.

Et ware méi Unitéiten un der Sich no de Kriminelle bedeelegt an um fréie Moie war och de Policehelikopter am Asaz. D'Police hat d'Populatioun awer och ëm Hëllef gefrot, esou sollten d'Bierger verdächteg Observatiounen direkt dem 113 mellen. Kuerz no 15 Auer huet d'Police matgedeelt, datt den Asaz eriwwer wier. D'Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO