Den FNR kritt sou vill gutt Fuerschungsprojeten eran, datt e se net all ënnerstëtze kann, dat obwuel de Fonds national de la recherche 360 Milliounen Euro fir 4 Joer zur Verfügung huet. An Zukunft dierfte virop d'Defense an de Klimawandel eng wichteg Roll an der Fuerschung spillen.
Déi virlescht Woch gouf an der Chamber een neie legale Kader fir de Fonds national de la recherche ugeholl. Dat war och néideg, well den FNR ëmmer méi Missiounen iwwerhuele muss. D'Fuerschungslandschaft zu Lëtzebuerg géing sech op alle Fall gutt entwéckelen, esou d'Generalsekretärin vum FNR Isabelle Mossong als Invitée vun der Redaktioun.
De Fonds national de la recherche gëtt et schonn zanter 1999. Seng Haaptaufgab besteet net doranner, fir selwer ze fuerschen, mee fir Fuerschung finanziell ze ënnerstëtzen. Dofir stinn dem FNR fir den Zäitraum vu 4 Joer 360 Milliounen Euro zur Verfügung. Och wann dat deen éischte Moment no ville Sue kléngt, kéim een deels awer u seng finanziell Limitten, esou d'FNR-Generalsekretärin Isabelle Mossong.
"Déi aner Saach ass, datt mer ëmmer méi Projeten erakréien, wat natierlech eng gutt Saach ass an och een Zeugnis dovun ass, datt d'Fuerschungslanschaft sech an deene leschte 25 Joer ëmmer méi professionaliséiert huet an och wierklech ganz héich qualitativ exzellent Projeten erakommen, wat dann ëmmer méi oft zum Problem gëtt, datt de Budget, dee mer hunn, net méi all déi exzellent Projeten ofdeckt. Dat heescht et si vill Projeten, déi mer erakréien, wou mer zwar soen, dat doten ass wierklech héichqualitativ, mee aus Budgetsgrënn kënne mer dat leider net finanzéieren."
Zur Wouerecht géing awer och gehéieren, datt de Budget vum FNR am Laf vun de Jore konstant an d'Luucht gesat gouf.
Den Haaptkrittär, ob ee Projet ënnerstëtzt gëtt oder net, wier d'Qualitéit. Nieft engem ekonomeschen Impakt kënnen och ee gesellschaftlechen oder kulturellen Impakt een Argument sinn, fir Suen ze kréien. Dat féiert dann och dozou, datt Fuerschung a ganz ënnerschiddleche Beräicher ënnerstëtzt gëtt. Een, deen an deenen nächste Jore wuel nach méi eng wichteg Roll spillen dierft, wäert d'Klimafuerschung sinn.
"Natierlech mengen ech, ass eis alleguerte kloer ginn, spéitstens lo an déi nächste Canicule wäert och an d'Haus stoen, ob dat lo nach dëst Joer ass oder d'nächst Joer, dat gesi mer dann, mee datt mer wierklech um Klimawandel all mussen zesummeschaffen, dat wier mol den éischten Appell. An den zweeten Appell ass natierlech d'Fuerschung, déi dat kann ënnerstëtzen an Incitatioune ginn, fir dat mëttelfristeg an de Grëff ze kréien. Kuerzfristeg mengen ech, deen Zuch ass scho fort, mee mëttelfristeg ass dat alles natierlech an eiser aller Interêt."
Ma och an der Defense, wou de Staat jo massiv Investitioune plangt, wäert weider gefuerscht ginn.
Wärend dem Chamberdebatt iwwert dat neit FNR-Gesetz hat den ADR-Deputéierten Tom Weidig kritiséiert, datt de Conseil scientifique ofgeschaaft gouf. Dat géing déi objektiv Kontroll vun der wëssenschaftlecher Aarbecht vum FNR schwächen. Dee Reproche wollt d'Isabelle Mossong awer net einfach sou am Raum stoe loossen.
"Et muss een awer och kucken, wéi de Conseil d'administration sech lo zënter e puer Joer amgaangen ass nei opzestellen. Nämlech datt Scientifiquen am Conseil d'administration sinn, dat war virun etleche Joren nach net de Fall oder wann, dann nëmme punktuell mat enger Persoun. A lo sinn awer 4 vun 9 Membere Scientifiquen, bon, Dir sot mer lo, dat ass net d'Majoritéit, dat hänkt awer dorunner, datt déi néngt Persoun de President vun der Personaldelegatioun vum FNR ass."
Wat de Comité de liaison ugeet, an deem d'Stakeholdere sëtzen, sou kéinten déi do zwar hir Meenung soen, mee dat wier awer net bindend. Et kéint een also net, wéi den Tom Weidig dat gemaach hat, soen, datt déi Leit, déi lo Sue vum FNR kréien, doriwwer decidéieren, wien an Zukunft ënnerstëtzt gëtt.
Den FNR schafft an éischter Linn mat enger Partie ëffentlechen Institutiounen zesummen. Virop mat der Uni Lëtzebuerg, déi dee gréissten Deel vun de Sue kritt, ma och mat den dräi Lëtzebuerger Fuerschungsinstituter.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.