
Wien zu Lëtzebuerg an direkter Linn ierft, bezilt keng Steieren, also Kanner, Elteren an Enkelkanner. 0 Prozent och fir bestuete Koppelen oder Leit, déi op d'mannst dräi Joer gepacst waren. Opgepasst! Beim Pacs ass en Testament obligatoresch, soss geet de Partner eidel aus. Dat just um Bord.
Bei Geschwëster gi scho 6 Prozent Ierfschaftssteier fälleg. Monnien, Tattaen, Neveuen an Niesse gi mat 9 Prozent besteiert, wa si ierwen. Persounen, déi net Famill vum Verstuerwenen sinn, bezuele 15 Prozent.
Am Lëtzebuergeschen Ierfschaftsrecht ginn et méi héich Prozentsätz, wann d‘Successioun anescht verleeft ewéi an der gesetzlech festgeluechter Reiefolleg. Déi spillen, wann et en Testament oder en anere Vertrag gëtt, mat deem de Verstuerwenen ee Kand bevirdeelegt oder souguer engem Monni eppes verierwe wëll, obwuel nach an direkter Linn e Successeur do wär. Bei enger Succession testamentaire an direkter Linn kënne bis 5 Prozent Ierfschaftssteier fälleg ginn. Bei Geschwëster an Tattaen an och Frënn ouni familiäre Lien sinn et 15 Prozent als Basis.
Et gëtt awer e weidere Facteur bei der Ierfschaftssteier, weess d‘Affekotin Nathalie Frisch, déi am Ierfschaftsrecht spezialiséiert ass:
"An dee gëtt berechent par Rapport zu der Zomm, déi een ierft. Wat déi méi héich ass, wat deen Deel méi héich ass. Dat ka vun engem Zéngtel bis 22 Zéngtel goen. Dat ass an engem Tableau opgedeelt. Wann een um héchsten Niveau ass, also 22 Zéngtel, bezilt een also 15 Prozent bis 22 Zéngtel an dat gëtt alles an allem e Steiersaz vun 48 Prozent.“
A Kombinatioun vun deenen zwee Facteure ginn et maximal Steiersätz: bei Geschwëster ronn 19 Prozent, bei Monnien an Tattae knapps 29 Prozent a wien ierft an net Famill ass, muss also deemno wéi bal d‘Hallschent ofginn.
Elo, wou dat kloer ass, eriwwer bei eisen aktuelle Fall, wou also de Staat gutt 400 Milliounen Euro wéinst enger eenzeger Ierfschaft erakrut. Kloer ass: et war eng Successioun, déi net an direkter Linn verlaf ass. RTL-Informatiounen no gouf et och kee familiäre Lien, well d‘Koppel, ëm déi et geet, net méi bestuet war. An: et huet sech eisen Informatiounen no ëm en décke Batz Sue gehandelt, bei deem deemno den héchste Steiersaz scho laang fälleg gi war. 48 Prozent gëlle scho vun engem Montant vun 1,75 Milliounen Euro un. Rechent een dee Prozentsaz op déi 400 Milliounen Euro héich, misst d‘Ierfschaft iwwer 830 Milliounen Euro héich gewiescht sinn. Dat ass e Montant, dee sech mat den Informatioune vun RTL deckt.
"Wann d‘Leit net drun denken, hir Ierfschaft ze preparéieren an eppes op d‘Plaz ze setzen, fir an eng aner Situatioun ze kommen, da kënnt dat reegelméisseg vir, dass mir och eng relativ héich Ierfschaftssteier hei zu Lëtzebuerg hunn, jo.“
Et ass eng gutt Nouvelle fir d‘Staatsfinanzen, eng onerwaart Recette, déi wuel - graff gesot - "gutt kënnt". Awer och eng traureg, ëmmerhin ass eng Persoun gestuerwen. A wie weess ob déi Persoun, déi geierft huet, sech net awer e bëssen driwwer iergert, dass d‘Tripartitesmesuren mat der Hallschent vun hirer Ierfschaft finanzéiert ginn.