Josée Lorsché réckelt an d'Chamber noJoëlle Welfring wiesselt bei d'Europäesch Investitiounsbank

Roy Grotz
Marc Hoscheid
Et kënnt zu engem Wiessel an der Chamber. Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring wäert hiert Mandat am Oktober néierleeën, fir ee Poste bei der Europäescher Investitiounsbank unzehuelen. Hier Successioun iwwerhëlt iwwerdeems eng al Bekannten.
Joëlle Welfring wiesselt bei d'Europäesch Investitiounsbank
Et wier eng Opportunitéit, déi sech relativ kuerzfristeg erginn hätt, esou déi fréier Ëmweltministesch an Nach-Deputéiert.

Si hätt hire Wiessel net laang am Viraus geplangt gehat, mee et wier eng Opportunitéit, déi sech relativ kuerzfristeg erginn hätt, esou déi fréier Ëmweltministesch an Nach-Deputéiert Joëlle Welfring. Et géing keen optimalen Zäitpunkt fir esou ee Wiessel ginn, mee an der Mëtt vun der Legislaturperiod wier et op alle Fall besser wéi direkt no oder kuerz virun de Walen. Och wann d'Aarbecht als Oppositiounsdeputéiert manner konkret Resultater wéi als Regierungsmember géing bréngen, hätt si awer duerchaus d'Gefill, an deene leschten 2,5 Joer eppes beweegt ze hunn. Notamment mat enger Partie Motiounen, déi op eng breet Zoustëmmung an der Chamber gestouss wieren.

"Déi och zum Beispill an der Landwirtschaft bewierkt hunn, datt do eng Strategie opgesat ginn ass, fir de Generatiounswiessel bei der Landwirtschaft oder datt bei Restopolis lo méi lokal Produzente kënnen zouliwweren. Dat si Saachen, déi wichteg sinn, déi hoffentlech séier eppes um Terrain bewierken, an deem Sënn ass et schonn eppes ganz Valorisantes, mee och dat kritt eng Kéier een Enn a fir mech ass dee Moment lo komm." Bei der Europäescher Investitiounsbank wéilt si sech virop ëm d'Beräicher Nohaltegkeet, Klima a Geschlechtergerechtegkeet këmmeren.

Fir d'Joëlle Welfring wäert als Nächstgewielt op der Südlëscht d'Josée Lorsché noréckelen. D'Beetebuerger Schäffin souz scho vun 2011 bis 2023 an der Chamber a war vun 2018 bis 2023 Presidentin vun der grénger Fraktioun. Fir si wier zimmlech séier kloer gewiescht, datt si de Posten unhuele géing, si wier 2023 nämlech net just mat an d'Wale gaangen, fir Stëmmen ze fänken. Dono gefrot, wéi eng Dossiere si an der Chamber iwwerhuele wäert, ass et dës Äntwert.

D'Josée Lorsché bei enger Chamberplenière am Dezember 2023.
D'Josée Lorsché bei enger Chamberplenière am Dezember 2023.
© RTL Archiv

"Natierlech sinn déi Aufgabeberäicher, déi ech schonn erfëllt hunn, virun allem de Santésberäich, mer un d'Häerz gewuess, ech hat mech ganz staark do erageschafft. Fir de Rescht musse mer ënnertenee kucken, wien am léifste wat mécht, ech sinn oppe fir all Ännerung a bereet mech an nei Dossieren anzeschaffen, do hu mer jo lo nach e bëssi Zäit, fir dat ze diskutéieren."

De Wiessel wäert am Oktober duerchgefouert ginn, well dann de Meris Sehovic säin Amt als Schäffe vun Esch un d'Mandy Ragni ofgëtt an doduerch méi Zäit wäert hunn. Dat wier ee gudde Moment, fir d'Dossieren an der grénger Sensibilité politique generell nei ze verdeelen.

D'Joëlle Welfring huet iwwerdeems ausgeschloss, datt si d'Nofolleg vum Deidre Du Bois am Staatsrot untriede wäert. Vum Aarbechtspensum hier wier déi Aufgab net mat hirer Missioun bei der Europäescher Investitiounsbank ënnert een Hutt ze kréien.

D'Schreiwes vun déi Gréng op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO