Invité vun der Redaktioun (17. Juli) - Patrick HoutschDateschutz an Datennotzung – Eng Fro vun Equiliber

François Aulner
Um Freideg de Moie war d'KI Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Patrick Houtsch
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Besoin no Digitaliséierung huet sech déi lescht Jore beschleunegt a mat der kënschtlecher Intelligenz kënnt nach méi bäi. Dat sot de Patrick Houtsch e Freideg de Moien hei op RTL - den Direkter vum Centre des technologies de l’information de l’État, oder Centre informatique ewéi déi meescht Leit e géingen nennen. Dem CTIE seng Aufgabe sinn d’Digitaliséierung vum Staat an d'Gestioun vum Guichet, also d'Schnëttstellen tëscht de Bierger an Entreprisen an dem Staat. Dobäi kommen awer nach ganz aner Aufgaben, déi bis bei d’Carte-d'identitéen oder nach d'Imprimerie vum Staat ginn.

De Centre informatique huet 650 Leit a ronn 192 Milliounen Euro budgetär Dotatioun fir d'Joer. Mee och "immens vill Aarbecht", sou de de Patrick Houtsch. 350 Projete wieren an der Maach. 90 wier een nach net ugaangen. Eng vun de grousse Verwaltungen, d'Steierverwaltung, schafft zanter Joren un neien informatesche Systemer. Dat wier an Zesummenaarbecht mam Centre informatique. Et kacht net jidderee seng eegen Zopp. De Patrick Houtsch sot, d'Approche wier, ze zentraliséieren, fir Käschten-effizient ze sinn.

D'kënschtlech Intelligenz bréngt fir de CTIE Aarbecht mat sech, mee kann och d'Effizienz steigeren an d'Relatioun tëscht Staat a Bierger vereinfachen, wa se bis applizéiert gëtt, esou de Patrick Houtsch. Lëtzebuerg huet virun engem Joer en Accord mat der europäescher Mistral AI ënnerschriwwen. Den Direkter vum CTIE sot, et misst ee mat der KI virsiichteg sinn. D'Zil wier "souverän" ze sinn. Dowéinst hätt ee sech fir en europäesche Partner entscheet an d'Technologië vu Mistral wieren doriwwer eraus an de Servere vum Staat implementéiert, fir esou d'Kontroll selwer ze hunn.

Staat wäert net massiv manner rekrutéieren

Zanter Ufank vum Joer hätt ee scho KI mat verschiddenen Offeren an a verschiddene Beräicher an de Verwaltungen deployéiert. Eng Mesure, déi nach net deployéiert ass, dat ass de "once-only". De CTIE wier technesch prett, mee legislativ nach net. De Staatsrot huet eng Rei formell Oppositioune formuléiert. Op déi vereinfacht Fro, ob et kee Konflikt gëtt tëscht Donnéeë benotzen an Donnéeë schützen, huet den Direkter vum CTIE geäntwert, et wier "ëmmer e bësse vu Béidem".

De Patrick Houtsch huet mat sengen Äerm de Gest vun Equiliber gemaach. Et wier schwiereg ze soen, ob deen ëmmer do wier, well dat misst een "au cas par cas" kucken. A ville Situatioune géing et a sengen Ae gutt klappen.

D'Fro, ob d'Digitaliséierung, d'Kënschtlech Intelligenz an d’Automatiséierung Aarbechtsplaze wäerte kaschten, wier dem Patrick Houtsch no "schwiereg" an d'Meenunge géingen auserneegoen. Als Direkter vum CTIE geséich hien éischter Geschier, fir d'Aarbecht méi einfach ze maachen. D'Leit kréiche méi Zäit fir aner Tâchen. Senger Meenung no géing de Staat elo net massiv manner rekrutéieren.

Um Freideg de Moie war d'KI Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO