Wann e Rapport fäerdeg ass, sollt en och ëffentlech gemaach ginn, well wann eppes ënner Embargo steet, kréichen d'Leit d'Impressioun, et hätt een eppes ze verstoppen. Sou géing Vertraue verluer, sot de President vun der gréisster Enseignantsgewerkschaft an der Grondschoul Patrick Remakel e Mëttwochmoien als eisen Invité vun der Redaktioun. Dat am Kontext vun der geplangter Generaliséierung vun der Alphabetiséierung op Franséisch. Den SNE hat den 3. Juni gefrot, fir d'Auswäertung vun de sougenannten "Epreuves standardisées" vum LUCET ("Luxembourg Centre for Educational Testing") aus dem Cycle 3.1. vun de véier Pilotschoulen ze kréien, an deenen d'Alphabetiséierung op Franséisch schonn ugelaf ass. Déi quantitativ Etüd, an där d'Kompetenze vun alle Schüler a Schülerinnen aus dem Land an der Mathé, grad wéi dem Héier- an dem Liesverständnis all zwee Joer gepréift ginn, war schonn zanter Februar fäerdeg a stoung och schonn um Internetsite vum LUCET. Zur grousser Iwwerraschung vum SNE krut d'Gewerkschaft awer matgedeelt, datt d'Resultater, op Demande vum Educatiounsministère, nach net publizéiert ginn, well se net den Erwaardungen vun der Reform entsprieche géifen.
Vertrieder vum Educatiounsministère, och de Claude Meisch selwer, hunn en Dënschdeg an der Chamber-Educatiounskommissioun dementéiert, datt d'Etüd ënner Embargo gestanen hätt. De Ministère géif der Uni sécher net virschreiwen, wat se wéini publizéiert kéint, huet de Claude Meisch e bëssche gereizt gemengt. Där Duerstellung huet de Patrick Remakel e Mëttwoch de Moien am Interview awer formell widdersprach. Et hätt een an enger Kommunikatioun mam LUCET kloer geschriwwe kritt, datt de Ministère en "Embargo" gefrot huet. (Mir hunn dee schrëftleche Message virleien.)
Grad an esou engem kriddelegen Dossier wéi dem Projet ALPHA, deen nach laang net d'Unanimitéit mécht, wier Transparenz awer immens wichteg. Den Terrain géif kloer "Oppenheet an Transparenz" vum Educatiounsministère vermëssen. D'Roll vun der Wëssenschaft gesäit de Gewerkschaftspresident och doranner, fir eng Reform "ergebnisoffen" ze begleeden. Et kéint kengeswees d'Zil sinn, fir ze probéieren, eng Reform iwwert dee Wee ze legitiméieren.
Eisen Invité fënnt et dann och erstaunlech, datt op eemol elo d'Methodik vun der Auswäertung vun "Epreuves standardisées" (EpStan) an de Pilotschoulen a Fro gestallt géif. Dat wier bis elo nach ni de Fall gewiescht. Den Echantillon vun de véier Pilotschoulen wier vun Ufank u ganz klenge gewiescht. Dorobber hunn d'Gewerkschaften effektiv och vun Ufank un opmierksam gemaach. Sou laang d'Resultater awer gestëmmt hunn, hätt kee sech dru gestéiert, kritiséiert den SNE-President. De "Syndicat des enseignants" bleift och derbäi. Et hätt een d'Alphabetiséierung solle Schrëtt fir Schrëtt ausbauen an net vu véier Schoulen op d'ganzt Land goen. Da géifen och d'Infrastrukture besser mat kommen.
Kritik gouf et jo och vun Ufank um Zäitpunkt vun der Generaliséierung. D'Gewerkschaften, grad wéi och Oppositiounsvertrieder, konnte vun Ufank un net verstoen, datt net ofgewaart gouf, bis d'Kanner an de Pilotschoulen déi ganz Grondschoul duerchlaaft hätten, ier een dës déifgräifend Reform landeswäit aféiert. Dat ass réischt an zwee Joer de Fall. Dann hätt ee wéinstens dee ganze Parcours kënnen evaluéieren a gesinn, wouhin d'Kanner orientéiert ginn. Mat deem klengen Echantillon kéint een haut net jugéieren, ob "ALPHA-Zesumme wuessen" eppes bréngt oder net. D'Eltere kéinte just no hirem Bauchgefill goen. Datt ALPHA lo zwee Joer no hannen decaléiert soll ginn, sou wéi d’LSAP et e Mëttwoch an der Chamber gefuerdert huet, ënnerstëtzt den SNE net. Et wier awer regrettabel, datt déi haiteg Oppositiounspartei net virum Vott vum Gesetz op d'Gewerkschaften gelaut hätt, sou de Patrick Remakel.
Fir den SNE ass kloer: E Status Quo an der Grondschoul ass keng Optioun. D'Bildungsongerechtegkeete missten ugaange ginn. De "Syndicat des enseignants" war och ni prinzipiell géint d'Reform. Wat d'Gewerkschaft net guttheescht ass, datt sech vun Ufank un op ALPHA versteift gi wier. Et wier ni iwwer aner Pisten geschwat ginn. Wéi zum Beispill eng Alphabetiséierung op Lëtzebuerg oder "Deutsch als Fremdsprache". De Claude Meisch hätt souguer an der Reform selwer kee Sputt fir Verännerungen zougelooss.
D'Léierpersonal wäert prett sinn am September an et gutt maachen, huet de Patrick Remakel nach erkläert. D'Haaptfro wier haut, ob genuch Säll do sinn, ob d'Gemengen an ob d'Eltere prett sinn. Wat geschitt, wa Säll feelen, huet eisen Invité vun der Redaktioun gefrot.
E Mëttwoch de Moie war d'Alphabetiséierung op Franséisch Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.