
Police a Parquet wollte kuerz virum Ufank vun der Grousser Vakanz oprëselen an opklären. Konkreet geet et ëm en nach relativ neien, weltwäite Phänomeen vun extreemer, sadistescher Gewalt. D'Täter agéieren am Internet a probéieren hir Affer, via emotional Erpressung, zu Gewaltdoten unzestiwwelen. Dat ka vu Brandstëftung, iwwer Déierequälerei, Drogemëssbrauch, Terror bis hin zu sech selwer ritzen oder carrement ëmbrénge goen. Dat ganzt wa méiglech och nach gefilmt a verbreet am Internet. Mam Zil, sou de Procureur d'Etat aus der Stad, den David Lentz, fir Chaos ze stëften an d'Affer z'entmënschlechen.
Dacks géif mat Symboler aus dem rietsextreme Milieu oder och satanistesche Symboler operéiert ginn. Dës Online-Communautéite géife sech wéi Sekte behuelen an deels ganz verstéierend Videoen a Biller verbreeden.
D'Lëtzebuerger Autoritéite kruten déi éischt Dossiere vum dësem Phänomeen vum sougenannten "extreemisteschen, gewalttätegen Nihilismus" och hei am Land gemellt a wollten d'Ëffentlechkeet a besonnesch och d'Elteren alarméieren. Dëse Phänomeen géif sech an de leschte puer Joer rasant verbreeden. Ma e géif bis lo an Europa dacks nach ënnerschat ginn, a Police a Parquet feelen déi néideg juristesch Moyenen, fir dogéint virzegoen, sot d'Kristin Schmit vun der Police e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz. D'Fro wier, wéi vill Fäll ee scho verpasst hätt.
Den Internet dierft kee rechtsfräie Raum sinn, huet de Procureur David Lentz betount. Et géif opfalen, datt Länner, déi vill mat sou Fäll konfrontéiere waren, elo op de Wee vun enger Alterslimitatioun an de soziale Medie goe wëllen. Dat wier awer eng politesch Fro, zu där sech de Parquet net äussere wëll. De Parquet huet awer sengersäits eng Gesetzpropositioun beim Justizministère era ginn, fir méi effikass kënne géint sou Erpressunge virzegoen.
Wa fréier jidderee säi Kand virum frieme Mann an der wäisser Camionnette gewarnt hätt, vun deem ee keng Séissegkeeten dierft unhuelen, missten haut d'Eltere verstäerkt kucken, wat hir Kanner online maachen an op méiglech Warnzeechen uechten, déi en Indice kéinte sinn, datt hiert Kand a sou e Reseau erageroden ass. Sech isoléieren, Wiesensverännerungen, schlechte Schlof, Depressiounen, Angscht, Gewaltverherrlechungen, ...
D'Täter hätten et - dacks op klassesche Plattformen a sozial Reseauen oder Gaming-Sitten, wou déi Jonk ënnerwee sinn - verstäerkt op vulnerabel Kanner a Jugendlecher tëscht 8 a 17 Joer ofgesinn. Jonker, déi mental Problemer hunn, Iessstéierungen oder suizidär sinn. Deels ginn déi Jonk an Hëllefsforen denichéiert. Duerch Manipulatioun gëtt fir d'éischt Vertrauen zu de Jonken opgebaut, hinnen eng Wäertschätzung ginn (déi se soss am Liewe vläicht net dunn), fir se da mat der Zäit zu ëmmer méi schlëmme Gewaltdoten ze drécken. Gewalt géint anerer oder géint sech selwer. A verschiddene Reseauen (sougenannte "Com"-Gruppen) kritt een zum Beispill Punkten, jee nodeem wat ee vun "Aufgaben" erfëllt. Dat ka vu Schloe bis hin zum Suizid oder Mord goen.
Police a Parquet kruten antëscht spezialiséiert Formatiounen, ënnert anerem vun Europol. An d'Autoritéite sinn och amgaangen, sech mat Associatiounen ze koordinéieren, déi am Kanner- a Jugendschutz respektiv der Jugendpsychiatrie aktiv sinn. Zum Beispill Bee Secure, déi lescht Joer schonn op déi ënnerschate Gefor am Internet opmierksam gemaach hunn.
Intern bei Police a Parquet géif een och kucken, ob eenzel Fäll, net mat engem "anere Brëll", mat engem anere méi groussen Hannergrond gekuckt misste ginn, huet et e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz geheescht. De kloren Appell ass op alle Fall, fir verdächteg Saachen ze signaléieren a Plainten ze maachen.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu