Bilan CGDISZejoert gouf et 75.814 Rettungs-Asätz, e Plus vu 5%

Tim Morizet
Pit Everling
An 90% vun de Fäll gouf intervenéiert, well Persounen Hëllef gebraucht hunn, nämlech gutt 68.000 mol.
© René Pfeiffer
PDF Rapport CGDIS

Am Ganze gouf et 75.814 Rettungsasätz, seet de CGDIS-Direkter Paul Schroeder.

Bilan CGDIS: Zejoert gouf et 75.814 Rettungs-Asätz, e Plus vu 5%
An 90% vun de Fäll gouf intervenéiert, well Persounen Hëllef gebraucht hunn, nämlech gutt 68.000 mol.

"Do stelle mer natierlech fest, datt virun allem d'Ambulanzasätz de gréissten Deel ausmaachen. Dat sinn 90 Prozent vun eisen Asätz. Dat ass awer schonn ëmmer sou gewiescht. Mee och do stelle mer déi Augmentatioun fest. Dat féiere mer natierlech drop zeréck, datt mer e Bevëlkerungszouwuess hunn zu Lëtzebuerg an och eng Bevëlkerung, déi zum Deel méi al gëtt.“

Ronn 10.000 Mol war de SAMU am Asaz. 2.665 Kéieren ass de CGDIS wéinst Feier ausgeréckt, woubäi et dobäi just a 40 Prozent vun de Fäll och e reellt Feier gouf.

Allerdéngs stellt ee sech drop an, datt Bränn an der Natur an Zukunft méi heefeg wäerte ginn.

"Mir hunn e Programm, fir elo Bëschbrand-Tankween iwwert déi nächst Joren unzeschafen. Mir sinn an der Formatioun amgaang eis nei opzestellen, fir eben och do nach méi cibléiert op Vegetatiounsbränn kënnen ze reagéieren.“

2.056 Mol waren d'Rettungsequippen am Asaz wéinst engem Accident. 258.000 Appellen op den 112 goufen traitéiert. Dat sinn der liicht méi wéi 2024, awer e bëssen manner wéi 2023.
Beim Zenter vun de Rettungsdéngschter schaffen iwwer 7.300 Leit.

Fräiwëlleg Pompjeeë maachen de Gros vum Effectif aus.

Et géif een un engem neie Modell fir de Volontariat schaffen, fir d'Leit och laangfristeg beim CGDIS ze behalen, seet de President vum Verwaltungsrot, Alain Becker.

"Et ass eng ganz grouss Erausfuerderung. Mir hunn et och mat enger Generatioun vu jonke Leit ze dinn, déi sech séier fir eppes begeeschteren a sech och zu 100 Prozent engagéieren. Awer heiansdo just zäitbedéngt oder kuerz, andeems si dann, wa si iergendwéi en neie Challenge entdecken, dem CGDIS de Réck dréinen.“

D'Ausgabe beim CGDIS sinn iwwregens zejoert e Stéck eropgaangen a leien elo bei iwwer 200 Milliounen Euro. Dëst geet virun allem op d'Evolutioun bei de Personalkäschten zeréck.

Back to Top
CIM LOGO