Background am Gespréich (18. Juli) - Christophe HansenD'Landwirtschaft misst méi resilient, méi kompetitiv an och méi onofhängeg ginn

Marc Hoscheid
E Samschdeg war den EU-Kommissär fir Landwirtschaft Christophe Hansen eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
© Morgan Doux

Europa muss seng Landwirtschaft méi resilient, méi kompetitiv an och méi onofhängeg maachen. Dat gëllt fir d'Mëllechproduktioun, d'Düngemëttelversuergung, d'Gemeinsam Agrarpolitik, de Kampf géint de Klimawandel an de Generatiounswiessel op de Bauerenhäff. Dat sot den EU-Kommissär fir Landwirtschaft an Ernierung Christophe Hansen e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich.

D'Existenz vun de Mëllechbauere sécheren

"D’Existenz vun den 68 Mëllechbetriber déi un d'Molerkei EKB liwweren steet op der Kipp", betount de Christophe Hansen a reagéiert domat op d'Kris ronderëm d'Molkerei EKB (Lactalis). Betraff sinn 52 Millioune Liter Mëllech pro Joer an d'Existenz vu ville Baueren, dorënner och jonk Betriber, déi an de leschte Jore grouss Investissementer gemaach hunn.

Fir de Christophe Hansen ass et elo wichteg, Zäit ze gewannen an no enger Iwwergangsléisung ze sichen. Gläichzäiteg misst un nohaltegen Alternative geschafft ginn. Hien ass der Meenung, datt d'Baueren déi bescht Chancen hunn, wa si sech a Genossenschaften oder Produzentegemeinschaften organiséieren, fir hir Verhandlungspositioun vis-à-vis vu grousse Veraarbechter ze stäerken. Och eng méiglech Opnam duerch Luxlait soll gepréift ginn.

Europa soll op Qualitéit a regional Produkter setzen

Fir den EU-Kommissär läit d'Zukunft vum europäesche Mëllechsecteur net an der Masseproduktioun, mee an héichwäerteg veraarbechte Produiten. Europa hätt weltwäit déi héchst Standarde bei der Liewensmëttelsécherheet a beim Déierewuel. Dofir misst d'Hierkonft vun de Produiten nach méi transparent ugewisen ginn, fir datt d'Konsumente bewosst europäesch a lokal Produite kënnen auswielen.

Well Europa méi Mëllech produzéiert, wéi et selwer verbraucht, misst d'EU gläichzäiteg nei Exportmarchéen entwéckelen. Handelsmissioune sollen dobäi hëllefen, europäesch Qualitéitsproduiten an Drëttlänner ofzesetzen an esou de Mëllechsecteur laangfristeg ofzesécheren.

Düngemëttelkris: Europa soll méi onofhängeg ginn

En zweet grousst Theema am Background waren déi héich Düngemëttelpräisser. De Christophe Hansen huet erkläert, datt dës Entwécklung net eréischt duerch d'Spannungen am Mëttleren Osten ausgeléist gouf. Schonn zanter der Energiekris wieren d'Präisser staark geklommen. D'EU reagéiert mat engem Düngemëttelaktiounsplang, deen Europa manner ofhängeg vun Importer soll maachen.

Nieft enger méi staarker europäescher Produktioun vu Mineraldünger setzt d'Kommissioun op organesch Düngemëttel, eng besser Notzung vu Biogas-Digestat, d'Valorisatioun vun Nieweprodukter aus der Landwirtschaft an op méi Kreeslafwirtschaft. Och modern Technologien an d'Prezisiounslandwirtschaft sollen dozou bäidroen, Düngemëttel méi effizient anzesetzen.

Gläichzäiteg misst awer séchergestallt ginn, datt Düngemëttel fir d'Bauere bezuelbar bleiwen. Dowéinst huet d'EU kuerzfristeg och den Import aus alternativen Hierkonftslänner erliichtert.

Klimawandel: Upassung ass onëmgänglech

De Christophe Hansen huet de Klimawandel als eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d'Landwirtschaft bezeechent. Dréchenten an Extreem-Wieder géifen ëmmer méi dacks optrieden an zu Abousse bei de Recoltë féieren. Nieft finanziellen Hëllefe misst Europa sech virun allem besser upassen. Dofir wieren Investitiounen an effizient Bewässerungssystemer, Waasserinfrastrukturen an nei, méi resistent Planzenzorten néideg. Och déi nei genetesch Technologië kéinten dobäi eng Roll spillen. Gläichzäiteg misst awer eng transparent Kennzeechnung garantéiert bleiwen.

"Eng konsequent Réckféierungspolitik ass kee Géigesaz zu enger mënschlecher Asylpolitik"

Wat den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt ugeet, deen zanter Juni a Kraft ass, huet de Christophe Hansen betount, datt kloer tëscht legaler an illegaler Migratioun ënnerscheet misst ginn. Leit, déi viru Krich a Gewalt flüchten, sollen och weider Schutz kréien. Gläichzäiteg misst d'EU hir Baussegrenze besser kontrolléieren an illegal Migratioun bekämpfen.

Zu de sougenannte Return Hubs an Drëttlänner sot de Christophe Hansen, datt dës nëmmen ënner strengem Respekt vun de Mënscherechter méiglech wieren. Si kéinten dozou bäidroen, de Migratiounssystem méi funktionell ze maachen.

Am Kontext vun de Kricher an der Ukrain an am Iran sot de Kommissär, Europa misst seng Verdeedegungskapazitéite stäerken. Mee net all Konflikt kéint militäresch geléist ginn: Diplomatie, Sanktiounen an den Dialog géifen och weider eng wichteg Roll spillen.

Background am Gespréich mam Christophe Hansen

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO