Lëtzebuerger KI-PionéierMarco Barnig am Alter vu 75 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Telekommunikatiounsingenieur war begeeschtert vun der Technik an huet se ënnert anerem och fir d'Lëtzebuerger Sprooch agesat.
© RTL Archiv

Wéi d'Wort e Freideg de Moie mellt, ass de Lëtzebuerger Telekommunikatiounsingenieur Marco Barnig am Alter vu 75 Joer gestuerwen. Hie wier de leschte Samschdeg, den 11. Juli friddlech zu Canchy a Frankräich entschlof, heescht et an der Doudesannonce.

Den technikbegeeschterte Marco Barnig huet op der ETH zu Zürich säin Diplom als Telekommunikatiounsingenieur gemaach a méi spéit bei der Post Lëtzebuerg geschafft, wou hien un der Aféierung vun neien Technologië bedeelegt war. Schonn an de 70er-Joren huet de Marco Barnig mat Mikroprozessore geschafft. Ënnert anerem huet hien eng Maschinn gebaut, géint déi ee Millche konnt spillen - säin "éischte KI-Projet", wéi hien dem Wort an engem Interview verroden hat.


Zanter senger Pensioun hat de Marco Barnig dann och genuch Zäit, fir sech méi intensiv mat der Kënschtlecher Intelligenz ze beschäftegen. Esou huet hien de Projet "KI-Léierbud" an d'Liewe geruff an dat éischt Kannerbuch zu Lëtzebuerg publizéiert, dat ganz vun der KI geschriwwe gouf. Fir "Les Jeunes Explorateurs - Sur les Sentiers du Patrimoine UNESCO", an deem een 100 Weltkulturierwe-Sitten entdecke kann, ware besonnesch seng fënnef Enkelkanner d'Inspiratioun. Hie wollt hinnen e Souvenir hannerloossen, wann hien eng Kéier net méi wär, wéi hien RTL an engem Reportage erzielt huet.


De Marco Barnig huet awer och u Modeller geschafft, déi der Lëtzebuerger Sprooch zegutt kommen: Fir aus geschwatener geschriwwe Sprooch a fir aus geschriwwener geschwate Sprooch ze maachen. An deem Beräich huet hie mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an och mat RTL zesummegeschafft.

Am Mee hat de Marco Barnig seng Kriibserkrankung op LinkedIn ëffentlech gemaach:

Life sometimes confronts us with realities we had not expected.

On 30 April 2026, I was diagnosed with metastatic pancreatic cancer. Following a biopsy, I started my first chemotherapy treatment, with a three-day cycle beginning on 13 May 2026.

I would like to share this information with you in all simplicity, as many of you have accompanied me for a long time through my #AI projects and commitments.

I will now move forward step by step, surrounded by my family and my medical team.

Eng Woch viru sengem Doud hat en nach an engem Message wësse gedoen: Ech mellen mech deemnächst. Dozou sollt et leider net méi kommen.

Back to Top
CIM LOGO