Schreiwes vun der GesondheetskeessReserve vun der Fleegeversécherung leie bei 610 Milliounen Euro, zousätzlech Depensë wäerte klammen

RTL Lëtzebuerg
De Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess huet den Decompte vun der Fleegeversécherung gemaach an dësen e Freideg presentéiert.
© RTL Archive

Zejoert goufe bei der Assurance Dependance eng 48 Milliounen Euro manner ausginn, wéi der erakomm sinn. Gläichzäiteg war deen Excedent dat Joer virdru mat 80 Milliounen Euro awer nach bal duebel esou grouss.

D‘Reserv läit elo bei ronn 610 Milliounen Euro. Dësen Decompte géif weisen, datt déi finanziell Situatioun vun der Fleegeversécherung kuerzfristeg stabil ass, ma datt et gëllt opzepassen, well d‘Defien an zousätzlech Depensen an den nächste Joren nach wäerte klammen, heescht et am Schreiwes vun der Gesondheetskeess.

Schreiwes vun der Gesondheetskeess

Back to Top
CIM LOGO