Alkoholtest positivAccident en Dënschdeg den Owend tëscht Angelsbierg an der Fiels
Wéi d'Police mellt, koum et en Dënschdeg den Owend géint 21 Auer zu engem Accident um CR118.
Verëffentlecht: 04.11.20 10:13, Update: 08.12.25 14:56
Eng Automobilistin hat do d'Kontroll iwwert hire Won verluer an e Bam ze pake kritt. Si gouf liicht verwonnt a gouf op der Plaz behandelt. En Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.