RTL-InformatiounenDe Paperjam kritt mam Nicolas Leonard en neie Chefredakter
Den Thierry Raizer, deen zanter 8 Joer beim Magasinn geschafft huet, dorënner 4 als Chefredakter, wiesselt bei d’Post bei den Departement "Kommunikatioun".
Verëffentlecht: 05.11.20 11:45, Update: 12.12.25 08:25
Neie Chefredakter soll den Nicolas Leonard ginn, deen zanter 2 Joer bei Paperjam Journalist ass. Hie war schonn Adjoint. Virdrun war hie bei der belscher „Sudpress“.