E Méindeg koum déi traureg Nouvelle, dass eis de President vun der Société Luxembourgeoise de Dermato-Vénéréologie leschte Weekend fir ëmmer verlooss huet.
Dacks huet RTL op d’Wësse vum Hautdokter Xavier Miller vun Ettelbréck zeréckgegraff a war dankbar fir déi vill Interviewen, déi hien RTL an deene ville Jore ginn huet.